Tennis: Fed-CupLëtzebuergerinne wannen 3:0 géint Norwegen

D'Eléonora Molinaro an d'Mandy Minella hunn um Donneschdeg hire Simple gewonnen. Am Dubbel waren och d'Tiffany Cornelius an d'Claudine Schaul erfollegräich

© FLTT
Den Ament ass d'Lëtzebuerger Fed-Cup-Ekipp zu Athen am Europa/Afrika Grupp 2 am Asaz. No der 3:0-Victoire vun der Lëtzebuerger Fed-Cup-Ekipp e Mëttwoch géing Bosnien-Herzegowina hunn d'Minella a Co en Donneschdeg och kloer géint Norwegen gewonnen.

D'Eléonora Molinaro konnt sech am éischte Simple vum Dag an 2 Sätz mat 6:0 a 6:3 géint d'Astrid Brune aus Norwegen duerchsetzen.

Am zweete Simple huet d'Mandy Minella (WTA-299) an 3 Sätz mat 4:6, 6:3 a 6:3 géint d'Malene Helgo (WTA-733) gewonnen.

Am Dubbel haten d'Tiffany Cornelius an d'Claudine Schaul och keng Problemer. Si wannen an 2 Sätz mat 7:5 a 6:1 géint d'Koppel Lilly Haseth an d'Malene Helgo.

Den nächste Géigner vun de Lëtzebuergerinnen ass Israel.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.