Tennis: Fed CupLëtzebuerg spillt ëm den Opstig an d'Europa/Afrika Grupp I

D'Lëtzebuergerinne kréien et am Barragematch e Samschdeg mat Griichenland ze dinn.

© FLTT
D'Lëtzebuerger Tennis-Fed-Cup-Ekipp ass den Ament zu Athen a Griichenland am Asaz. No de Victoirë géint Bosnien-Herzegowina an Norwegen, hu sech d'Mandy Minella, d'Eléonora Molinaro, d'Claudine Schaul, d'Anne Kremer an d'Tiffany Cornelius e Freideg mat 1:2 géint Israel misse geschloe ginn.

D'Eléonora Molinaro (WTA-450) huet den éischte Simple e Freideg an 3 Sätz mat 7:6, 2:6 an 6:3 géint d'Vlada Ekshibarova (WTA-417). 
Am zweete Simple huet d'Mandy Minella (WTA-299) kloer an zwee Sätz mat zweemol 2:6 géint d'Julia Glushko (WTA-300) verluer.

Am Dubbel haten d'Claudine Schaul an d'Mandy Minella dunn och keng Chance géint d'Koppel Glushko/Glushko an hu mat 5:7 an 2:6 verluer.

Duerch dës Resultater stinn d'Lëtzebuergerinnen am Poule B an der Europa/Afrika Grupp II um Enn op der zweeter Plaz a spillen e Samschdeg am Barragematch géint Griichenland, si sinn op déi éischte Plaz an der Poule A komm. Heu geet et fir d'Lëtzebuergerinnen ëm den Opstig an d'Europa/Afrika Grupp I.

D'Partien tëscht Lëtzebuerg an Dänemark fänken e Samschdeg de Moien um 10 Auer un.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.