Tennis: Fed CupLëtzebuerg verpasst den Opstig an d'Europa/Afrika Grupp I

E Samschdeg hunn d'Lëtzebuergerinnen am Playoff knapp mat 1:2 zu Athen géint Griichenland verluer.

© FLTT
2019 spillt d'Lëtzebuerger Fed-Cup-Ekipp weiderhin an der Europa/Afrika Grupp II.

D'Mandy Minella, d'Eleonora Molinaro, d'Claudine Schaul, d'Tiffany Cornelius an d'Anne Kremer hunn um Samschdeg am decisive Playoff-Match mat 1:2 géint Griichenland verluer. D'Eléonora Molinaro hat d'Lëtzebuerger Ekipp mat 1:0 a Féierung bruecht, duerno hat d'Mandy Minella hire Simple kloer verluer. Am decisiven Dubbel hunn d'Eléonora Molinaro an d'Mandy Minella sech um Enn misse mat 6:3, 2:6 an 4:6 géint déi griichesch Koppel geschloe ginn.

Den Iwwerbléck vun de Partien
Den éischte Simple hat déi 17 Joer jonk Eléonora Molinaro no enger staarker Leeschtung an 3 Sätz mat 6:3, 3:6 an 6:4 géint d'Valentini Grammatikopoulou gewonnen. D'Griichin steet an der Weltranglëscht op Plaz 171, d'Lëtzebuergerin ass d'Nummer 450.

Am zweete Simple hat d'Mandy Minella keng Chance géint d'Maria Sakkari. D'Lëtzebuergerin (WTA-299) huet kloer an 2 Sätz mat 0:6 an 1:6 géint d'Nummer 49 op der Welt verluer.

Am Dubbel hunn d'Eléonora Molinaro an d'Mandy Minella an 3 Sätz mat 6:3, 2:6 an 4:6 géint d'Koppel Valentini Grammatikopoulou / Maria Sakkari verluer.     

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.