ATP-Masters 1000 zu Monte CarloWeidere Meilesteen fir de Rafael Nadal

An der Finall huet sech de Spuenier kloer an 2 Sätz géint de Kei Nishikori behaapt a sech den 31. Masters-Titel geséchert, een neie Rekord.

© AFP
1 Stonn a 34 Minutten huet de Rafael Nadal e Sonndeg gebraucht, fir sech fir déi 11. Kéier an de Palmarès vum ATP-Masters 1000 vu Monte Carlo anzedroen. D'Nummer 1 op der Welt huet dem Japaner Kei Nishikori net den Hauch enger Chance gelooss. Nom 6:3 am éischte Saz huet de Spuenier am zweete Saz de Sak mat 6:2 zougemaach.

Fir de Rafael Nadal ass et déi 31. Victoire bei engem Masters 1000, dat hat bis elo nach keen Tennisspiller fäerdeg bruecht. Mat der 11-facher Victoire vun engem Tournoi ass dem Spuenier eppes weideres eemoleges gelongen.




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.