TennisGilles Muller prett fir nächst Wochen

Zu Estoril huet den Haapttableau beim ATP-Tournoi ugefaangen. De Gilles Muller (ATP-28) huet an der éischter Ronn, als Tête de série 4, e Fräilous.

E Bild vum leschte Joer zu Estoril.

Nom ATP-Masters 1000 zu Monte Carlo an duerno enger Woch Paus fänke fir de Gilles Muller elo interessant Wochen un. De Lëtzebuerger Tennisspiller ass an den nächsten Deeg zu Estoril a Portugal am Haapttableau vum ATP-Tournoi, wou hie virun 12 Méint déi éischte Kéier a senger Karriär op deem Niveau op Sand bis an d'Final koum. Och wann de Saison-Optakt no der Blessur um Ielebou fir déi aktuell Nummer 28 an der Weltranglëscht sécherlech méi schwiereg war, huet de Muller an de leschte Wochen op mentalem Plang vill u sech geschafft.

Muller prett fir nächst Wochen/Reportage Franky Hippert

Zu Monte Carlo hat de Gilles Muller sech jo am 2. Tour eréischt no 3 Sätz géint den Däitschen Alexander Zverev, ëmmerhin Nummer 4 op der Welt, misse geschloe ginn. An der Principautéit war och dem Spiller vun der Spora seng Mental-Coach, d'Marie Lanners. De Lëtzebuerger Sportler vum Joer krut fir déi nächst Wochen eng Rei Message mat op Wee. Et goung haaptsächlech drëm, fir nees méi entspaant ze sinn a locker an d'Matcher eranzegoen.

De Gilles Muller weess elo och, datt hie sech an den éischte Woche vum Joer ze vill Ënner Drock gesat huet. De Gilles Muller huet ënnerstrach, dass hie sech do ze vill geckeg gemaach huet an dass hie falsch un déi Saach erugaange war.

Lo kommen déi Wochen, wou den 1,93 Meter grousse Service-Spezialist d'lescht Joer richteg opgetrompt hat. No der gudder Saison op Sand waren et déi exzeptionell Momenter mat ënnert anerem der epescher Victoire zu Wimbledon géint déi aktuell Nummer 1 op der Welt, de Rafael Nadal. Et ginn also elo vill Punkten am ATP-Ranking ze verteidegen. Dëst ass dem Lëtzebuerger wuel bewosst an hien denkt och doriwwer no a wëll dës Punkten och erreechen.

Zu Estoril huet de Gilles Muller an der éischter Ronn, als Tête de série Nummer 4, e Fräilous. Am zweeten Tour kritt de Lëtzebuerger et mat engem US-Amerikaner ze dinn, entweder mam Tennys Sandgren oder mam Frances Tiafoe.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.