TennisweltranglëschtGilles Muller verléiert 5 Plazen a steet elo op 33. Positioun

Op den 3 éischte Plaze bleift alles beim Alen. De Spuenier Rafael Nadal bleift Nummer 1, virum Schwäizer Roger Federer an dem Däitschen Alexander Zverev.

© RTL-Archiv

An der neister Tennisweltranglëscht huet de Gilles Muller also 5 Plaze verluer a steet am ATP-Ranking op der Positioun 33.  

Bei de Frae klëmmt d'Mandy Minella  zwou Plazen op d'Positioun 302. Fir d'Eleonora Molinaro geet et 6 Plazen op d'456 erof.

Nummer 1 am Dammentennis bleift d'Rumänin Simona Halep. D'Caroline Wozniacki verdeedegt hir zweete Plaz, virun der Spuenierin Garbine Muguruza.