VIDEO: WTA-KockelscheierMat Sloane Stephens Spillerin aus Top 10 dobäi

E richtegen Hummer hunn d'Organisateuren vum WTA-Dammen-Tennis-Tournoi um Dënschdeg den Owend fir d'Editioun 2018 annoncéiert.

Aktuell Nummer 9 vun der Welt op der Kockelscheier dobäi (08.05.2018)
D'Sloane Stephens huet matgedeelt, datt Si op der Kockelscheier mat dobäi wier.
Mam Sloane Stephens konnten d'Organisateure vum WTA-Dammen-Tennis-Tournoi op der Kockelscheier direkt eng richteg prominent éischt Spillerin fir d'Editioun 2018 annoncéieren. Déi 25 Joer al Amerikanerin, déi schonn 2013 an 2015 op der Kockelscheier dobäi war, hat sech d'lescht Saison an de Palmares vun den US -Open, dem leschte Grand Slam Tournoi vum Joer agedroen. Aktuell steet d'Stephens op der Plaz 9. an der Weltranglëscht.

Dann hunn d'Organisateure ronderëm d'Dan Maas matgedeelt, datt den IWTP-Award elo Jana-Novotna-Award heescht. Dat zu Éiere vun der un Kriibs gestuerwen fréierer Weltklassespillerin, ouni déi et den Tournoi op der Kockelscheier net géif wier.


Donieft gouf een och nach op der éischter Pressekonferenz vum Joer gewuer, datt am Kaderprogramm d'Frauke Ludowig, bekannt vun eise Kollegen vun RTL Television an Däitschland, op Lëtzebuerg kënnt. D'BGL BNP Paribas Luxembourg Open, déi et zanter 1996 ginn, sinn des Kéier vum 13. bis den 20. Oktober.

PDF: Presentatioun vun der Pressekonferenz

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.