TennisMandy Minella zu Nürnberg vun Alison Riske an 2 Sätz eliminéiert

Weider ass et d'Nouvelle, datt d'Lëtzebuergerin zu Roland Garros direkt an den Haapttableau kënnt.

D’Mandy Minella (WTA-308) huet d’Qualifikatioun beim WTA-Dammen-Tennis-Tournoi zu Nürnberg no staarker Leeschtung iwwerstan. An der 1. Ronn huet d’Lëtzebuergerin d’Tête de série Nummer 1 Denisa Allertova (Cze-WTA-102) eliminéiert. Am 2. a leschten Tour huet d’Minella d’Olga Ianchuk (Ukr-WTA-240) kloer mat 6-2, 6-1 geklappt.

An der 1. Ronn vum Haapttableau krut d’Spillerin vun der Spora et um Méindeg Moien mam Alison Riske (USA-WTA-105) ze dinn. D'Amerikanerin konnt den éischte Saz kloer mat 6:1 gewannen. Am zweete Saz hat si bei 5:3 d'Chance, de Sak zouzemaachen, ma d'Minella konnt zu deem Ament breaken an dono op 5:5 verkierzen. Beim Stand vu 6:6 huet den Tie-Break missten de Saz decidéieren, deen dann mat 7:2 un d'Alison Riske gaangen ass. Esou verléiert d'Mandy Minella an der éischter Ronn vum Haapttableau an 2 Sätz (1:6, 6:7) géint d'Alison Riske.

Mandy Minella am Haapttableau vu Roland Garros

Da krut d’Mandy Minella awer och déi gutt Nouvelle, datt si mat hirem protected ranking vun hirer Babypaus, zu Roland Garros, duerch 2 Ofsoe vum Agnieszka Radwanska aus Polen an dem Monica Puig aus Puerto Rico, direkt am Haapttableau steet.

Beim 2. Grand Slam vum Joer sinn domat 2 Lëtzebuerger, och de Gilles Müller, am Haapttableau, deen nächste Sonndeg ufänkt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.