Roland GarrosGilles Muller a Mandy Minella e Méindeg um 11 Auer am Asaz

Am 1. Tour vum Haapttableau kritt d'Mandy Minella et mam Maria Sakkari aus Griicheland ze dinn, de Gilles Muller muss géint den Ernests Gulbis untrieden.

© Franky Hippert / RTL Radio Lëtzebuerg

Virschau Roland Garros / Reportage Franky Hippert



D'Porte d'Auteil huet um Sonndeg hir Diere fir den Haapttableau vu Roland Garros nees opgemaach. Beim zweete Grand-Slam-Tennis-Tournoi vum Joer waren déi zwee Lëtzebuerger Mandy Minella a Gilles Muller awer nach net am Asaz. Dat ass e Méindeg de Moien um 11 Auer da fir déi zwee Spiller vun der Spora de Fall.

De Gilles Muller spillt um Terrain Nummer 8 géint de Lett Ernests Gulbis, an d'Mandy Minella ëm déi nämmlecht Zäit um Court Nummer 15 géint d'Griichin Maria Sakkari. Fir déi 32 Joer al Spillerin vun der Spora ass Paräis ëmmer speziell, dobäi kënnt och nach dëst Joer, datt et deen éischte Grand Slam no Wimbledon zejoert an der Babypaus ass.

D'Mandy Minella huet eng schwéier Noss am 1. Tour ze knacken, hir Géignerin d'Maria Sakkari steet an der Tennis-Weltranglëscht op der 39. Plaz an huet an de leschte Wochen a Méint och gewisen, dass si mat der Elite mathale kann, esou huet d'Griichin nach viru kuerzem géint d'Karolina Pliskova gewonnen. Déi 22 Joer Spillerin dierft et der Lëtzebuergerin also schwéier maachen. Enn Abrëll gouf et am Fed Cup nach eng batter Néierlag fir d'Lëtzebuergerin géint d'Sakkari.

De Gilles Muller konnt sech net esou op Roland Garros preparéieren, wéi hie sech dat virgestallt hat, dat opgrond vum Doud vu sengem Papp.

E Méindeg kritt de 35 Joer ale Spiller vun der Spora et bei senger 13. Participatioun bei de French Open am 1. Tour vum Haapttableau mam Ernests Gulbis aus Lettland, aktuell Nummer 162 an der Weltranglëscht, ze dinn, deen aus der Qualifikatioun kënnt.

Bis elo hunn déi Zwee eng Kéier géintenee gespillt, dat war 2011 bei de US Open an do ass de Lëtzebuerger Sportler vum Joer als Gewënner vum Terrain gaangen.

Bis elo stoung déi Gilles Muller eréischt zweemol bei de French Open am 2. Tour.



Bei de Juniorinnen ass eng weider Lëtzebuergerin beim Grand Slam vu Roland Garros am Asaz. D'Eléonora Molinaro steet hei am Haaptableau. Déi 17 Joer jonk Lëtzebuerger ass gutt a Form e Sonndeg hat si sech nach an der Finall vum ITF-Junior-Tournoi zu Mailand géint d'Japanerin Yuki Natio behaapt.

RTL-NEWS: Tennis: ITF-Tournoi Mailand: Eléonora Molinaro setzt sech an der Finall an dräi Sätz duerch

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.