Roland GarrosTitelverdeedegerin Ostapenko am 1. Tour iwwerraschend eraus

E Sonndeg huet et um 1. Dag vum zweete Grand-Slam-Tournoi vum Joer déi éischt Favorittin getraff.

© AFP
D'Titelverdeedegerin Jelena Ostapenko huet ganz iwwerraschend am 1. Tour vun de French Open géint d'Ukrainerin Kateryna Koslowa (WTA-61) verluer. D'Nummer 5 op der Welt huet an zwee Sätz mat 5:7 an 3:6 de Kierzere gezunn.

D'lescht Joer hat d'Jelena Ostapenko an der Finall mat 4:6, 6:4 a 6:3 géint d'Simona Halep aus Rumänien gewonnen.

Déi leschte Kéier, datt zu Roland Garros d'Titelverdeedegerin am Optaktmatch eliminéiert ginn ass, war 2005. Deemools hat d'Russin Anastassija Myskina géint d'Aussesäiterin Maria Sanchez Lorenzo aus Spuenien verluer.

Iwwerraschend eliminéiert gouf e Sonndeg och d'Venus Williams (WTA-9), d'Amerikanerin huet an zwee Sätz mat 4:6 a 5:7 géint d'Chinesin Wang Qiang (WTA-91) verluer.

E Méindeg sinn dann och de Gilles Muller an d'Mandy Minella am 1. Tour vu Roland Garros am Asaz. Béid Lëtzebuerger si vun 11 Auer u gefuerdert. De Muller kritt et mam Ernests Gulbis aus Lettland de zinn an d'Minella mam Maria Sakkari aus d'Griichenland.

RTL-NEWS: Roland Garros: Gilles Muller a Mandy Minella e Méindeg um 11 Auer am Asaz

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.