Plaz 9 an der JuniorweltranglëschtEléonora Molinaro: En neie Star um Lëtzebuerger Tennishimmel

Déi 17 Joer jonk Spillerin vun der Schéiss verbessert sech an der neister Juniorweltranglëscht vun der 25 op d'Plaz 9.

© RTL Archivbild

Wat de Junior-Masters zu Chengdu a China ugeet, wou déi 8 bescht Spillerinne wéi nom Model vun deene Grousse géinteneen untrieden, steet d‘Molinaro esouguer op der 5. Vun am ganzen 10 Tournoien op internationalem Plang dës Saison, stoung d‘Lëtzebuergerin 10 Mol an der Finall a konnt 6 Mol gewannen.

Vun e Sonndeg un, ass d‘Eléonora Molinaro zu Roland Garros, dem 2. Grand Slam vum Joer, bei de Juniorinnen am Asaz, a gehéiert sécherlech zu de Geheimfavoritten.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.