Roland GarrosRafael Nadal a Simona Halep souverän der Aachtelsfinall

D'Nummer 1 bei den Hären an den Damme sinn nach ëmmer mat dobäi, eng Partie Favoritten hunn awer zu Roland Garros och scho missen Äddi soen.

© AFP
Um Samschdeg huet de Rafael Nadal an der drëtter Ronn ouni Problemer an 3 Sätz mat 6:3, 6:2 a 6:2 géint de Richard Gasquet aus Frankräich gewonnen. De Spuenier huet géint d'Nummer 32 op der Welt nëmmen 2 Stonne fir d'Victoire gebraucht. De Rafael Nadal kritt et an der nächster Ronn mam däitschen Maximilian Marterer ze dinn. Den 22 Joer ale Spiller ass aktuell d'Nummer 70 op der Welt a kloer den Underdog an der Aachtelsfinall géint de Kinnek op Sand.




An der Aachtelsfinall steet och de Kevin Anderson. De Südafrikaner, deen aktuell op der 7. Plaz an der Weltranglëscht steet, huet mat 3:1 (6:1, 6:7, 6:3 a 7:6) géint de Mischa Zverev (ATP-64) verluer. Am nächsten Tour waart den Argentinier Diego Schwartzman (ATP-12). 

Keng Problemer hat och de Marin Cilic géint de Steve Johnson. De Kroat (ATP-4) huet sech no 1 Stonn a 37 Minutte mat 3:0 (6:3, 6:2 a 6:4) géint den US-Amerikaner behaapt.

Nach ëmmer mat dobäi sinn och nach den Novak Djokovic an de Fabio Fognini.

Bei den Dammen huet d'Simona Halep um Samschdeg kuerze Prozess mam Andrea Petkovic (WTA-107) gemaach. D'Nummer 1 op der Welt huet an 2 Sätz mat 7:5 a 6:0 gewonnen. Elo kritt et d'Roumänin mam Elise Mertens (WTA-16) ze dinn.





Gewonnen huet an der drëtter Ronn och d'Garmin Muguruza (WTA-3). D'Spuenierin huet mat 6: a 6:2 géint d'Samantha Stosur (WTA-90) d'Iwwerhand behalen. D'Muguruza hat d'French Open 2016 gewonnen.

Kuerze Prozess huet och d'Maria Sharapova (WTA-30) mat hirer Géignerin gemaach. D'Russin gewënnt an 2 Sätz mat 6:2 a 6:1 géint d'Karolina Pliskova (WTA-6)