VIDEO: WimbledonMuller mat batterer Néierlag géint Kohlschreiber

De Gilles Muller huet sech am 2. Tour zu Wimbledon mat 6:7, 6:7 a 6:7 géint de Philipp Kohlschreiber misse geschloe ginn.

Muller mat batterer Néierlag géint Kohlschreiber (05.07.2018)
De Gilles Muller huet sech am 2. Tour zu Wimbledon mat 6:7, 6:7 a 6:7 géint de Philipp Kohlschreiber misse geschloe ginn.
Out fir Gilles Muller zu Wimbledon / Rep. Franky Hippert



Nom éischte Saz loung de Gilles Muller (ATP-60) mat 0:1 géint de Philipp Kohlschreiber (ATP-27) hannen. De Lëtzebuerger hat sech am Tiebreak mat 6:8 misse geschloe ginn. Am zweete Saz huet en och erëm am Tiebreak verluer, dat mat 4:7. Och den drëtte Saz verléiert hien am Tiebreak, dat mat 3:7 an esou verléiert hien och de Match.

De Gilles Muller war no der Defaite der Meenung, datt seng Leeschtung géigeniwwer vum éischte Match besser war, ma hien trotzdem nach ëmmer wäit vu sengem Niveau aus der Vergaangenheet ewech ass.

Extrait Gilles Muller (1)



Trotz gudden Amenter huet de Gilles Muller um Enn missen unerkennen, datt de Philippe Kohlschreiber einfach besser war an et och den Däitsche war, deen hie vill ënner Drock gesat huet an och dacks méi no um Break war wéi de Lëtzebuerger.

Extrait Gilles Muller (2)



De Resumé vum Match
Den éischte Saz tëscht dem Philipp Kohlschreiber an dem Gilles Muller war ganz enk. Béid Spiller konnten hire Service all Kéier duerchbréngen, sou datt d'Decisioun am Tiebreak gefall ass. Hei hat den Däitschen no 51 Minutten dat bessert Enn fir sech a gewënnt dëse mat 8:6 an domadder de Saz mat 7:6. De Gilles Muller huet am éischte Saz 8 Acen realiséiert, ma hat awer och 4 Duebelfeeler.

Och am zweete Saz huet sech weder de Gilles Muller nach de Philipp Kohlschreiber e Feeler am Service geleescht, si konnten dësen all Kéier duerchbréngen. Beim Stand vu 5:5 hat de Lëtzebuerger zwar 3 Breakbäll, ma notze konnt hie keen. Um Enn ass et nees an den Tiebreak gaangen. Beim Stand vun 3:5 aus Siicht vum Lëtzebuerger huet dunn d'Partie missen ënnerbrach ginn. Zu Wimbledon huet et ugefaange mat reenen. Um Enn gouf de Match ofgebrach an op en Donneschdeg verluecht.

Am drëtte Saz hat kee vu béide Spiller eng Chance op ee Break, well souwuel de Muller ewéi och de Kohlschreiber haten allebéid näischt ubrenne gelooss, esou dass et och an dësem Saz huet missen an den Tiebreak goen an hei huet de Lëtzebuerger mat engem Duebelfeeler ugefaangen. Um Enn wënnt de Kohlschreiber mat den Tiebreak mat 7:3 an domat och de Match an esou ass d'Aventure Wimbledon fir de Gilles Muller eriwwer.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.