An 2 SätzAngelique Kerber wënnt Wimbledon-Finall

Mat 6-3 an 6-3 ka sech déi däitsch Spillerin géint US-Amerikanerin Serena Williams duerchsetzen.

No hirer Victoire bei den Australian Open 2016 an den US-Open 2016 ass et deen drëtte Succès bei engem Grand-Slam fir d'Angelique Kerber.

Déi 30 Joer al däitsch Spillerin konnt sech um Enn däitlech géint d'Serena Williams duerchsetzen an huet sech fir d'Néierlag an der Finall aus dem Joer 2016 revangéiert. D'Kerber ass domadder déi éischt däitsch Damm zënter dem Steffi Graf am Joer 1996, déi sech den Titel zu Wimbledon séchere konnt.





D'Kerber konnt duerch ee souveränt Opschlagspill an eng gutt Defensivleeschtung d'Williams ënner Drock halen a konnt den éischte Mtachball direkt verwandelen.

Durch dës däitlech Défaite bleiwt d'Serena Williams bei insgesamt 23 Grand-Slam-Erfollegen an huet domat nach een Titel manner wéi d'Margeret Smith Court, déi bei insgesamt 24 Grand-Slam-Titele steet an déi erfollegräichst Damm bleift.

Dan Maas iwwer d'Angelique Kerber/Reportage Franky Hippert



Tennisweltranglëscht

No hirer Victoire an der Finall zu Wimbeldon, mécht d'Angelique Kerber an der neister Tennisweltranglëscht 6 Plaze gutt a steet elo op der Positioun 4 vum WTA-Ranking. Nummer 1 am Dammentennis bleift d'Simona Halep, virum Caroline Wozniacki an der Sloane Stephens déi eng Plaz gewonnen huet. D'Mandy Minella mécht e Saz vu 25 Plazen no vir a steet domadder op der Positioun 226.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.