FLT MastersEléonora Molinaro a Christophe Tholl komme souverän an d'Halleffinall

Vun e Mëttwoch bis e Freideg gouf zu Esch am Centre National de Tennis d'Gruppephas beim FLT Masters gespillt.

© pressphoto Archiv
Esouwuel bei den Hären, ewéi och bei den Damme gouf fir d'éischt jeeweils an zwou Gruppe gespillt, wou jeeweils déi éischt zwee virukoumen an d'Halleffinallen.

Bei den Häre konnt sech de Christophe Tholl d'Victoire an der bloer Grupp sécheren. Hie konnt seng dräi Partië gewannen an huet domat bewisen, dass hien net fir näischt op 1 gesat ass. Op déi zweete Plaz koum de Chris Rodesch, deen domat och an d'Halleffinalle kënnt. Déi drëtte Plaz war fir de Luc Morel an déi véiert Plaz fir de Christian Schleck, déi domat allebéid eliminéiert sinn.

An der rouder Grupp war et den Robi Tholl, dee sech op déi 1. Plaz spille konnt. Hie konnt sech e Freideg géint den Tom Diederich duerchsetzen an dësen esou hannert sech loossen. Op d'Plazen 3 a 4 koumen de Gilles Kremer an de Charles Berna.

Domat spillt de Christophe Tholl e Samschdeg an der Halleffinall géint den Tom Diederich an de Robi Tholl steet dem an de Chris Rodesch géigeniwwer.

Am Hären-Dubbel heescht d'Finall Gilles Kremer a Christophe Tholl géint Tom Diederich a Robi Tholl.

Bei den Damme huet d'Eléonora Molinaro ganz souverän déi wäiss Grupp gewonnen. Déi 18 Joer jonk Spillerin konnt an der Gruppephas dräi Victoirë feieren a steet domat souverän an der ronn vun de beschte 4 Dammen. Op déi zweete Plaz kënnt d'Claudine Schaul. Eliminéiert goufen domat d'Laura Correia an d'Gina Veyder.

An der gieler Grupp konnt sech d'Marie Weckerle, déi op 2 gesat ass, nemmen déi zweet Plaz sécheren. Déi éischte Plaz war fir d'Tatiana Silbereisen. Fir d'Lucie Rabiot an d'Tiffany Cornelius ass den FLT Masters am Eenzel iwwerdeems eriwwer.

An den Halleffinalle e Samschdeg kritt d'Eléonora Molinaro et elo mam Marie Weckerle ze dinn an d'Tatiana Silbereisen muss géint d'Claudine Schaul untrieden.

D'Dubbel-Finall bei den Damme gëtt gespillt vum Eléonora Molinaro mam Claudine Schaul a vum Tiffany Cornelius mam Laura Correia.

Resultater vum Mëttwoch
Hären Eenzel:

An der bloer Grupp konnt sech de favoriséierte Christophe Tholl a senger éischter Partie souverän mat 6:3 a 6:2 géint de jonke Chris Rodesch duerchsetzen an huet domat ee gelongenen Optakt gefeiert. An der zweeter Partie vun dëser Grupp konnt sech de Luc Morel d'Victoire sécheren. No engem knappen éischte Saz konnt hien am zweete Saz de Sak zoumaachen.

De Robi Tholl konnt an der rouder Grupp du fir déi éischt gréisser Iwwerraschung suergen. Hie konnt sech nämlech mat 7:6, 0:6 an 10:8 géint den un Nummer 2 gesate Gilles Kremer duerchsetzen. An der zweeter Partie konnt sech den Tom Diederich mat 7:6 a 6:2 géint de Charles Berna behaapten.

Hären Dubbel:

Am Hären-Dubbel stoung e Mëttwoch dann eng Partie um Programm an hei konnte sech den Tom Diederich an de Robi Tholl wéi erwaart géint de Laurent Bram an de Christian Schleck duerchsetzen, dat mat 6:4 a 7:6.

Dammen Eenzel:

Bei den Damme gouf et an der wäisser Grupp eng souverän Victoire vun der grousser Favoritin, dem Eléonora Molinaro. Déi jonk Spillerin konnt sech hei mat 6:4 a 6:1 géint d'Claudine Schaul duerchsetzen. Am zweete Match vun dëser Grupp war et d'Laura Correia, dat sech iwwer eng Victoire freeë konnt. Si huet sech nämlech kloer mat 6:2 a 6:1 géint d'Gina Veyder gewonnen.

An der gieler Grupp konnt sech déi un Nummer 2 gesate Marie Weckerle däitlech mat 6:2 a 6:3 géint d'Lucie Rabiot duerchsetzen an d'Tatiana Silbereisen huet och an zwee Sätz mat 6:3 a 6:4 géint d'Tiffany Cornelius gewonnen.

Dammen Dubbel:

D'Laura Correia hat e Mëttwoch nieft hirer Victoire am Eenzel och nach ee weidere Grond, fir ze feieren, well si konnt och am Dubbel, dat mat hirer Partnerin Tiffany Cornelius gewannen, dat ganz kloer mat 6:1 a 6:1 géint d'Anne Grethen an d'Claire Pepin.

PDF: Alleguerten d'Resultater vun e Mëttwoch

Resultater vum Donneschdeg
Hären Eenzel:

Och en Donneschdeg ass et fir de Gilles Kremer an der rouder Grupp net vill besser gaangen. De Kremer, deen op 2 gesat ass, huet nämlech hei eng weider Néierlag missen astiechen. Nodeems hien den éischte Saz ganz knapps am Tiebreak huet missen ofginn, huet hien den zweete Saz mat 3:6 verluer an esou och de Match. Spéiderhi waren dunn och d'Hoffnunge fir d'Halleffinall eriwwer, well de Robi Tholl konnt sech a senger Partie mat zweemol 6:3 géint de Charles Berna duerchsetzen an domat war en Donneschdeg schonns sécher, dass den Tom Diederich an de Robi Thill an d'Halleffinall kommen, just d'Gruppevictoire war nach net bekannt.

An der bloer Grupp bleift et e bësse méi spannend. De Christophe Tholl konnt sech mat 6:4 a 6:4 zwar seng zweete Victoire an der Gruppephas sécheren, ma de Chris Rodesch konnt sech iwwerdeems och eng Victoire sécheren, dat mat 6:2 a 7:5 géint de Luc Morel, esou dass de Christophe Tholl un der Spëtzt stoung no dëser Ronn an hannendru koumen de Chris Rodesch an de Luc Morel mat allebéid enger Victoire an enger Néierlag.

Hären Dubbel:

Déi topp-gesate Koppel Gilles Kremer/Christophe Tholl konnt sech en Donneschdeg dann och eng Victoire sécheren, ee klengen Trouscht fir de Gilles Kremer. Hie konnt sech mat sengem Partner mat 6:3 a 7:5 géint de Charles Berna an de Luc Morel behaapten.

Dammen Eenzel:

D'Eléonora Molinaro huet en Donneschdeg déi wäiss Grupp du weider dominéiert. D'Spillerin vun der Schéiss huet dem Laura Correia guer keng Chance gelooss a wënnt d'Partie mat zweemol 6:1. An der zweeter Partie konnt d'Claudine Schaul iwwerzeegen, si léisst dem Gina Veyder, dat kee gudden Dag erwëscht hat beim 6:0, 6:0 nach manner Chance.

An der gieler Grupp waren déi éischt zwou Plazen dann och schonns nom Donneschdeg fest, dat well d'Marie Weckerle an d'Tatiana Silbereisen allebéid hir zweet Victoire feiere konnten. D'Marie Weckerle huet sech géint d'Tiffany Cornelius zwar schwéier gedoen, ma um Enn wënnt si mat 6:2, 3:6 an 12:10. Méi liicht gedoen huet sech do awer d'Tatiana Silbereisen, si huet sech souverän mat 6:2 a 6:0 géint d'Lucie Rabiot duerchgesat.

Dammen Dubbel:

D'Claudine Schaul an d'Eléonora Molinaro hunn hir Form dunn och nach am Dubbel confirméiert, hei hu si sech nämlech och kloer mat 6:0 a 6:4 géint d'Patricia Schaber an d'Tatiana Silbereisen duerchgesat.

PDF: Alleguerten d'Resultater vun en Donneschdeg

Resultater vum Freideg
E Freideg sinn dunn d´Entscheedunge gefall an do konnt sech nach de Chris Rodesch fir d´Halleffinalle qualifizéieren. Bei den Dammen huet d´Marie Weckerle sech iwwerraschend misse géint d´Tatiana Silbereisen geschloe ginn. Och de Robi Tholl konnt sech déi éischte Plaz a senger Grupp sécheren, dat duerch d´Victoire géint den Tom Diederich.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.