Tennis: ATP-FinalsAlexander Zverev géint Novak Djokovic an der Finall

Bei den ATP-Finals zu London ka sech den Alexander Zverev mat 7:5 a 7:6 géint de Roger Federer behaapten.

© afp
Et war eng ganz enk a spannend Halleffinall tëscht dem Däitschen Alexander Zverev (WR: 5) an dem Schwäizer Roger Federer (WR: 3).

Mee et war de jonken Däitschen deen ee vun de gréissten Tennisspiller aller Zäiten mat 7:5 a 7:6 (7:5) klappe konnt. Den Zverev konnt 68% vu sengen éischten Opschléi an den Terrain bréngen an huet heibäi 90% vun de Punkten vir sech entscheet. Mat dëser excellenter Quote huet en dann och just 1 Break géint sech zougelooss an dëst huet den entscheedenden Ënnerscheed an dësem Match gemaach.

Dem Alexander Zverev säi Géigner an der Finall heescht Novak Djokovic. De Serb huet a senger Halleffinall näischt ubrenne gelooss a souverän an zwee Sätz mat zweemol 6:2 géint de Südafrikaner Kevin Anderson gewonnen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.