FOTOEN: FLT MastersEleonora Molinaro a Chris Rodesch stinn an der Finall

Bei den Häre treffen an der Finall de Chris Rodesch an den Tom Diederich openeen. Bei den Dammen heescht d'Finall Eleonora Molinaro géint Claudine Schaul.

D'Eleonora Molinaro hat et an hirem Match net all ze schwéier wëll hir Géignerin, d'Marie Weckerle, huet beim Stand vun 2:5 am éischte Saz opgrond vun enger Aarmblessure missen opginn. Déi jonk Lëtzebuergerin huet domadder d'Méiglechkeet muer hiren Titel vum leschte Joer ze verdeedegen.
An der zweeter Halleffinall gewënnt dem Molinaro seng Klubkamerodin Claudine Schaul kloer mat 6:1 a 6:4 géint d'Tatiana Silbereisen.

Bei den Hären hat de Chris Rodesch net all ze vill Problemer mam Robi Tholl a gewënnt mat 6:3 a 6:4. Dem Robi Tholl säi Brudder, Christophe Tholl, huet sech an der zweeter ganz spannender Halleffinall missen mat 2:6, 7:6 a 5:7 dem Tom Diederich geschloe ginn.

Um Sonndeg geet et un mat der Dammefinall um 14.00 Auer, gefollegt vun der Härefinall.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.