ATP World Tour FinalsAlexander Zverev bezwéngt Novak Djokovic an der Finall

Den Alexander Zverev huet als éischten däitschen Tennis-Profi zanter 23 Joer d'ATP-Finals gewonnen.

Alexander Zverev bezwéngt Novak Djokovic an der Finall (19.11.2018)
Den Alexander Zverev huet als éischten däitschen Tennis-Profi zanter 23 Joer d'ATP-Finals gewonnen.
De gebiertegen Hamburger konnt sech zu London an der Finall géint d'Nummer 1 vun der Welt, den Novak Djokovic mat 6:4 a 6:3 duerchsetzen. De jonken Zverev feiert domat säi bis heihinner gréissten Erfolleg a senger Karriär.

Iwwerhaapt ass hien eréischt deen 3. Däitschen, deem dëst Konschtwierk geléngt. Virun him haten dëst just de Boris Becker an de Michael Stich gepackt.

Um Enn vum éischte Saz beim Stand vu 4:4 hat den Zverev ee ganz wichtegt Break realiséiert, fir mat 5:4 a Féierung ze goen. Bei eengem Service konnt hie sech dunn den éischte Saz mat 6:4 sécheren.

Am zweete Saz huet den Zverev ganz iwwerzegend gespillt an hie konnt säin zweete Matchball notzen, fir de Match ze gewannen an domat och den Titel.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.