Tennis: Davis CupKroatien gewënnt Finall géint Frankräich

Et war eng zimlech kloer Finall tëscht Kroatien a Frankräich. D'Franzousen konnte keen Eenzel fir sech entscheeden a verléieren mat 1:3.

© afp
Am Davis Cup gouf vun e Freideg bis e Sonndeg d'Finall vum Davis Cup zu Lille gespillt. Schonn nom éischten Dag hat et net gutt fir d'Franzousen ausgesinn nodeems souwuel de Jeremy Chardy géint de Borna Coric (2:6, 5:7, 4:6) wéi och den Jo-Wilfried Tsonga géint de Marin Cilic (3:6, 5:7, 4:6) verluer hunn.

Um Samschdeg konnten d'Franzousen dunn allerdéngs verkierzen andeems se den éischten Dubbel fir sech entscheede konnten. Den Duo Herbert/Mahut konnt sech mat 6:4, 6:4, 3:6 a 7:6 (7:3) géint Dodig/Pavic behaapten.

Am drëtten Eenzel vun dëser Finall wollt de Marin Cilic awer net vill ubrenne loossen a konnt de Lucas Pouille kloer mat 7:6 (7:3), 6:3 a 6:3 schloen an domadder war dës Finall entscheet a Kroatien konnt no 2005 fir déi 2. kéier an der Geschicht dësen Titel gewannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.