Tennis-Fed-Cup zu LëtzebuergTennisfederatioun ass matten an de Preparatiounen

Déi Lëtzebuerger Tennis-Damme kënnen am Februar déi éischte Kéier iwwerhaapt eng Fed-Cup Partie virun eegenem Public spillen.

tennis© tennis

D'FLT hat sech beméit d'Renconter an der Europa-Afrika Grupp 2 an de Grand-Duché ze kréien a gouf jo och dofir belount. Vum 6. bis de 9. Februar ass zu Esch am nationalen Tenniszenter deemno eng méi lass.

Bei der Lëtzebuerger Tennisfederatioun ass d'Virfreed dann och grouss. Et spiert een eng positiv Energie an et ass och eng grouss Euphorie do. Mam Mandy Minella an d'Eleonora Molinaro huet een zwou Spillerin, fir déi et sech lount, fir alles gemaach ze hunn, fir dee Fed-Cup op Lëtzebueg ze kréien, sou Claude Lamberty, President vun der FLT. Et gouf scho gutt Matcher am Davis-Cup, mä dat war ëmmer géint eng Ekipp. Elo huet een hei awer d'Chance, datt nieft Lëtzebuerg nach 7 aner Natiounen hei untrieden.

Bei der Tennisfederatioun ass een dann och voll an de Preparativen, fir datt dëse sportlechen Event e Succès gëtt, dozou zielt, d'Sich no Partner, well een nach supplementär 100.000 Euro muss opbréngen, fir alles ëmzebauen, et brauch een jo nach en zweete Spillterrain.

Nieft Lëtzebuerg, ass och nach Bosnien-Herzegowina, Israel, Éisträich, Moldawien, Südafrika, Tunesien a virun allem och Portugal dobäi. Do besteet natierlech och en organisatoreschen Kontakt mat deene Länner.

Do gëtt dann nogefrot, wéi et funktionéiert an aner Informatioune ginn ausgetosch. Ënner anerem huet een en offiziell Spillerhotel, do mussen d'Natiounen awer net higoen.

Fir Mandy Minella, Eleonora Molinaro a Co. beim Fed-Cup a Februar Live hei zu Lëtzebuerg ze gesinn, huet d'Tennisfederatioun en Online-Ticketing, deen zanter dësem Donneschdeg op flt.lu fonctionnéiert.