WTA-BrisbaneMandy Minella verléiert 3-Saz-Krimi géint Destanee Aiava

Beim WTA-Tournoi zu Brisbane an Australien gouf d'Mandy Minella am zweeten Tour vun der Qualifikatioun eliminéiert.

© pressphoto (Archiv)
D'Mandy Minella huet gekämpft, ma um Enn war et e Samschdeg de Moien eiser Zäit den Out fir d'Lëtzebuergerin am zweeten Tour vun der Qualifikatioun fir de WTA-Tournoi zu Brisbane.

D'Lëtzebuergerin huet sech an dräi Sätz misse mat 7:6 (7:4), 2:6 a 6:7 (7:9) géint d'Australierin Destanee Aiava geschloe ginn. D'Minella steet am WTA-Ranking op der 103. Plaz, hir 18 Joer jonk Konkurrentin ass d'Nummer 250.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.