TennisOut fir d'Titelverdeedegerin Caroline Wozniacki op den Australian Open

Déi dänesch Spillerin war am Duell vun der fréier Weltranglëschten-Éischten, der Maria Scharapowa an der drëtter Ronn mat 4-6, 6-4 an 3-6 ënnerleeën.

D'Caroline Wozniacki hat d'lescht Joer hiren éischte Grand-Slam-Tournoi gewonnen.

An der Aachtelsfinall e Sonndeg kritt d'Maria Scharapowa et mat der Australierin Ashleigh Barty ze dinn.