Australian OpenNo Federer a Kerber elo och Zverev eliminéiert

Den Alexander Zverev verléiert géint Milos Raonic. De Roger Federer huet iwwerraschend géint de jonke Griich Stefanos Tsitsipas a 4 Sätz verluer.

Den Titelverdeedeger Roger Federer gouf e Sonndeg an den Aachtelsfinalle vun den Australian Open zu Melbourne eliminéiert. De 37 Joer ale Schwäizer huet géint den 20 Joer ale Griich Stefanos Tsitsipas no 3 Stonnen a 45 Minutte mat 7:6 (13:11), 6:7 (3:7), 5:7 a 6:7 (5:7) verluer. Fir de Federer war et no 17 Victoiren noeneen déi éischten Defaite zu Melbourne. 2017 an 2018 hat de Schwäizer den éischte Grand Slam vum Joer gewonnen. De Federer hat am zweete Saz gläich aacht Sazbäll net genotzt.

© AFP


Fir den Tsitsipas, aktuell d'Nummer 15 op der Welt, ass et déi éischte Kéier a senger Karriär, datt hie bei engem Major an de Véierelsfinalle steet. Zu Stockholm hat hien 2018 säi éischten ATP-Titel gewonnen. En Dënschdeg kritt de Griich et mam Spuenier Roberto Bautista Agut (Nr. 22) ze dinn. Den Bautista Agut huet de Finalist vun zejoert Marin Cilic eliminéiert, dat mat 6:7 (6:8), 6:3, 6:2, 4:6 a 6:4.

Grouss Enttäuschung beim Alexander Zverev, deen och bei den Australien Open eliminéiert gouf. Den däitschen Tennisprofi, deen an der Weltranglëscht op déi 4. Plaz kënnt, huet an der Aachtelsfinalle mat zwee mol 1-6 an eemol 6-7 géint de Kanadier Milos Raonic verluer. Vu lauter Roserei huet den Alexander Zverev seng Rackett futti geschloen


Eliminéiert gouf och d'Angelique Kerber. D'Gewënnerin vun 2016 verléiert kloer an 2 Sätz mat 0:6 an 2:6 géint d'US Amerikanerin Danielle Collins.

An eng Defaite gouf et och fir d'US-Amerikanerin Sloane Stephens. Si huet an 3 Sätz géint d'Russin Anastassika Pawlju – tschenkowa de Kierzere gezunn.

D'Gewënnerin vun den US Open, d'Naomi Osaka, steet fir d'éischte Kéier an der Véierelsfinalle vun den Australien Open. D'Tennis-Weltranglëschte-Véiert huet sech mat 4-6, 6-3 a 6-4 géint d'Anastasija Sevastova aus Lettland duerchgesat. An der Ronn vun de leschten Aacht kritt d'Naomi Osaka et e Mëttwoch mat der Jelina Switolina aus der Ukrain ze dinn.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.