FOTOEN a VIDEO: Fed CupLëtzebuerg wënnt géint Tunesien a mécht den Opstig perfekt

Nodeems d'Eleonora Molinaro mat 7:5 a 6:2 géint d'Chiraz Bechri gewanne konnt, gewënnt och d'Mandy Minella mat 7:5 a 6:1 géint d'Ons Jabeur.

© pressphoto/ Roland Miny
Den éischte Match vun dësem Duell huet d'Eleonora Molinaro (WTA 438) géint d'Chiraz Bechri (net klasséiert) bestridden. Am éischte Saz huet sech d'Molinaro nach e bësse schwéier gedoen mee konnt schlussëndlech mat 7:5 gewannen. Am 2. Saz huet d'Lëtzebuergerin da manner Problemer mat der Tuneserin kannt an huet mat 6:2 gewonnen. Sou huet d'Eleonora Molinaro den éischte Match zimlech souverän mat 2:0 gewonnen.

Am zweeten Eenzel krut d'Mandy Minella (WTA 99) et mam Ons Jabeur (WTA 56) ze dinn. Nodeems d'Minella am éischte Saz no engem Break géint sech iwwert déi meescht Zäit am Réckstand louch, konnt d'Lëtzebuergerin zum Schluss e Break realiséieren a konnt dësen dann och mat 7:5 gewannen. Am zweete Saz huet d'Mandy Minella der Tunesierin da keng Chance gelooss a gewënnt no enger staarker Prestatioun dësen mat 6:1. Den Dubbel gouf net méi gespillt.

Extrait Mandy Minella



Soumat gewënnt Lëtzebuerg géint Tunesien an huet den Opstig an d'Europa-Afrika-Grupp 1 perfekt gemaach.

FLT-Damme wanne géint Tunesien a maachen den Opstig perfekt (09.02.2019)
Nodeems d'Eleonora Molinaro mat 7:5 a 6:2 géint d'Chiraz Bechri gewanne konnt, gewënnt och d'Mandy Minella mat 7:5 a 6:2 géint d'Ons Jabeur.


FOTOGALERIE: Andréck vum Roland Miny op pressphoto.rtl.lu.

D'Artikele vun de Matcher am Grupp
Klickt Iech duerch d'Fotoe vum Roland Miny op pressphoto.rtl.lu.© pressphoto/ Roland Miny


RTL-News: FOTOEN a VIDEO: Fed Cup - Lëtzebuerger Damme wanne fir den Optakt souverän géint Südafrika

RTL-News: FOTOEN A VIDEO: Fed Cup - Lëtzebuerger Damme klappen och Portugal a stinn an de Playoffen

RTL-News: FOTOEN a VIDEO: Fed Cup: FLT-Damme spille géint Tunesien ëm den Opstig

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.