TennisD'Anne Kremer huet dem Profi-Tennis offiziell Äddi gesot

Mat engem Mixed-Double Anne Kremer/Gilles Scheidweiler-Andrea Petkovic/Gilles Kremer huet d'Anne Kremer dem Profi-Tennis offiziell Äddi gesot.

© Christiane Kremer
2 WTA- a 5 ITF-Tournoien huet d'Anne Kremer a senger laanger Carrière gewonnen an dobäi ronn 1,5 Milliounen Dollar u Präisgeld verdéngt.

Den 29. Juli 2002 war d'Anne Kremer d'Nummer 18 an der Welt. Dat war dem Anne Kremer seng beschte Plazéierung an der Weltranglëscht. 

3 mol war d'Anne Kremer a senger laanger Carrière zur Sportlerin vum Joer gewielt ginn an zwar 1993, 1998 an 1999.

Zanter 2013 hat d'Anne Kremer keen Tournoi méi op der Profi-Tour méi gespillt, elo dann huet hatt dem WTA-Circuit och ganz offiziell Äddi gesot.

Den nächste Freideg ass d'Anne Kremer Invitée am Radio-Sport-Club vu Radio Lëtzebuerg (Livestream op RTL.lu).


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.