Tennis Charles Berna neien FLT Outdoor Champion

D'Nummer 124 zu Lëtzebuerg behaapt sech an der Finall an dräi Sätz géint de Gilles Kremer a séchert sech domadder deen nationalen Outdoortitel.

D'Gewënner Eleonora Molinaro an de Charles Berna© FLT
De Berna setzt sech an enger spannender Finall e bëssen iwwerraschend mat 6:4, 4:6 a 6:4 géint de Lëtzebuerger Davis Cup Spiller an Titelverdeedeger Gilles Kremer duerch.

An der Véirelsfinall konnt sech den 22 Joer alen Droit-Student virdrun mat 5:7 an zwee Mol 6:3 géint de Christophe Tholl behaapten. An der Ronn vun deene leschte Véier wënnt de Charles Berna dunn mat 6:3 a 6:3 géint de Christian Schleck.

Bei den Dammen wënnt déi 15 Joer jonk Fed Cup Spillerin Eleonora Molinaro 6:3 a 6:1 géint d'Lara Dimmer.