Spaass am SandBeach Open um Gaalgebierg

Scho fir d'23. Kéier huet den Escher Volleyballclub op säi Beachvolleyball-Turnéier invitéiert.

Tonne Spaass am Sand (30.07.2017)
Um Escher Gaalgebierg gouf dëse Weekend déi 23.Editioun vum Beach Open organiséiert. Eng 500 Leit waren um Rendezvous.
Organiséiert um Gaalgebierg gehéiert de BEACH OPEN zum gréissten Event an der Groussregioun. Während 2 Deeg gouf sech op deene 5 Terrainen richteg gutt ameséiert.

Um Sand, importéiert vun der Belscher Côte, léisst et sech richteg gutt Beachvolleyball spillen. 1000 Tonne Sand gi gebraucht, fir dëst Event op d'Been ze stellen.

Iwwer 500 Spiller a Spillerinnen waren um Rendez-vous. Déi eng Sportler a Sportlerinne ware fir d'éischte Kéier dobäi, fir anerer ass et schonn eng Traditioun ginn.

70 Equippen hate sech fir dëse Weekend ugemellt. Sou aussergewéinlech ewéi d'Nimm vun deenen eenzelen Equippe klengen, sou verschidde sinn d'Ursaache firwat déi eenzel Leit um Beachvolley deelhuelen.