BeachvolleyballDäitsch Dammen huelen WM-Gold

Déi däitsch Olympiagewënnerinnen Laura Ludwig an Kira Walkenhorst konnten sech an der Finale zu Wien mat 2-1 géint d'USA behaapten.

Den éischte Saz goung nach mat 21:19 un d'amerikanesch Koppel Fendrick/Hoss.. Am zweeten an drëtten Saz huet d'Koppel Ludwig/Walkenhorst dunn awer ëmmer besser an d'Spill fonnt a konnten sech zweemol däitlech mat 21:13 an 15:9 géint d'Amerikanerinnen behaapten an domat den éischten WM-Titel feieren.