Volleyball EuropameeschterschaftRussland ass Europameeschter

Vum 24. August bis den 3. September waren a Polen d'Europameeschterschaften am Volleyball.

© afp
16 Equippe waren dobäi, déi a véier Gruppen agedeelt goufen. Den Éischten aus all Grupp huet sech direkt fir d'Véirelsfinall qualifizéiert. All Zweeten an all Drëtten hu missen an de Playoffs untrieden. 

Serbien, Russland, Däitschland an d'Belsch konnte sech als Éischt an der Grupp duerchsetzen a waren esou direkt qualifizéiert fir d'Véirelsfinallen.

An de Playoffs konnte sech Bulgarien, Tschechien, déi den Titelverdeedeger Frankräich eliminéiere konnten, Slowenien an Italien nach fir d'Véirelsfinalle qualifizéieren.

Vun deene konnt awer kee sech fir d'Halleffinall qualifizéieren. Déi lescht 4 Equippen am Tournoi waren also och alle 4 op déi 1. Plaz an hire Gruppe komm. An der éischter Halleffinall konnt Däitschland sech knapps mat 3:2 géint Serbien duerchsetzen. An der zweeter Halleffinall huet Russland kloer mat 3:0 géint d'Belsch gewonnen.

An der Finall war et ee ganz knappe Match mat herno dem méi glécklechen Ausgang fir d'Russen, déi de leschte Saz mat 15 zu 13 gewanne konnten a sech domat den Titel geséchert hunn. Bis an d'Finall haten d'Russen net een eenzege Saz verluer.

Virun dësem Match haten d'Serbe sech schonns duerch eng 3:2 Victoire géint d'Belsch Bronze geséchert.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.