Volleyball VirschauTitel verdeedegen: Kloert Zil vu Walfer a Stroossen

Dëse Weekend ass bei den Dammen an den Hären den Optakt vum Volleyball-Championnat. Wéi hunn d'Veräiner sech preparéiert a wee sinn d'Favoritten?

Volleyball Virschau Dammen / Reportage Marc Burelbach



Bei den Damme gi sech och dëst Joer nees e puer interessant Dueller erwaart. Schonn um Samschdeg spillen de VC Stengefort an de VC Stroossen géinteneen. Béid Equippen hu sech an de leschte Joren ëmmer nees ganz enk Matcher geliwwert. Déi lescht Saison huet et de VC Stengefort an d'Halleffinall vum Championnat gepackt. Och wann ee Match nach net allze vill ausseet, kéint ee fir dës béid Equippen awer scho Richtungsweisend sinn.

Och um Sonndeg kënnt et zu engem interessanten Duell tëscht dem VC Mamer an der Gym Bouneweg. Béid Equippe wëllen nees u fréier Erfolleger uknäppen. Fir den Optakt kéint een der Gym e klenge Virdeel zougestoen, well si dee méi agespillte Kader hunn. De VC Mamer muss sech mat der neier Trainerin Claudia Barascu nach fannen.

Favorit op de Championstitel dierft alt nees d'Résidence Walfer sinn, dat gesäit och Betty Hoffmann esou. Als Haaptkonkurrent gesi se zu Walfer de Finalist vum leschte Joer CHEV Dikrech. Zu dësem Duell kënnt et awer réischt méi spéit an der Saison. Souwuel Dikrech wéi och Walfer misste sech um éischte Spilldag géint hir respektiv Géigner Péiteng a Fenteng kloer duerchsetze kënnen.

Virschau op d'Championnat bei den Hären
Volleyball Virschau Hären / Reportage Marc Burelbach



Bei den Häre kënnt et schonn um éischte Spilldag zu ganz intressante Matcher. De Spëtzematch vum Weekend ass Walfer géint Fenténg. Och wann déi Walfer quasi eng nei Equipp um Terrain stoen hunn, gesäit sech de Max Havé awer prett fir och dëst Joer nees eng wichteg Roll an der Course ëm de Championstitel matzespillen.

Nodeems de CHEV Dikrech zënter hirem Championstitel 2013 schonn sëlleche Spiller un aner Veräiner ofginn hat an elo och nach de laangjärege Passeur Gorbatiouk op Luerenzweiler gewiesselt ass, muss de CHEV dëst Joer virun allem kucke fir an der national Divisioun ze bleiwen. E Sonndeg de Mëtteg kënnt et do zum direkten Duell mam Volley80 Péiteng.

Beim Match Luerenzweiler géint Stroossen, och um Sonndeg, gesäit een dann op déi Luerenzweiler Spiller mat hirem neie Passeur schonn agespillt sinn an op si dem Champion sortant Stroossen eventuell kënnen e Been stellen. Och de Nationalspiller a Sportzaldot Chris Zuidberg dierft heibäi eng wichteg Roll spillen.

An der drëtter Sonndespartie sti sech de Volley Bartreng an den Escher VBC géintiwwer. Déi Bartrenger hu sech iwwert de Summer mat den 2 fréiere Walfer Spiller Cloot a Bichel verstäerkt an dierften domatt an dëser Saison e puer Wieder méi an den Halleffinalle matschwätze kënnen. Awer och Esch mam fréiere Fentenger Passeur Dimitrov sollt ee net ënnerschätzen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.