VolleyballLuerenzweiler klappt de Champion Stroossen

De Weekend war och den Optakt vum Volleyballchampionnat bei den Dammen a bei den Hären.

Et war ee Krimi op allerhéchstem Niveau um Sonndeg Owend. Luerenzweiler krut Besuch vum Champion vu Stroossen. D'Gäscht ware besser an d'Partie komm a konnte sech den éischten an den drëtte Saz sécheren. Esou stoung et 2:1 fir Stroossen, ma do ass de Kampfgeescht bei Luerenzweiler opkomm. Mat 25 op 20 konnte si de 4. Saz fir sech entscheeden an esou de 5. an entscheedende Saz erzwéngen. Hei hunn d'Haushäre näischt méi ubrenne gelooss an hunn ganz héichqualitative Volleyball gewise fir um Enn de Saz kloer mat 15 zu 8 ze gewannen. 3:2 steet et um Enn fir Luerenzweiler an domat ass déi éischt Iwwerraschung vun der Saison perfekt.

Luerenzweiler konnt sech am Joer 2005 d'Kroun opsetzen ewéi si géint Stroossen de Championstitel gewanne konnten. Stroossen konnt sech den Titel déi lescht 4 Joer all Kéiers sécheren.

Iwwerdeems konnt Dikrech sech mat 3:1 géint Péiteng duerchsetzen.

E ganz spannende Match gouf et e Sonndeg den Owend tëscht Bartreng an Esch. Den éischte Saz konnt Bartreng mat 25:18 fir sech entscheeden. Den zweete Saz war mat 26:24 fir Esch. Duerno huet et nees gedréit. D'Lokalformatioun wënnt den 3. Saz an der Verlängerung mat 29:27. D'Gäscht hunn sech awer net geschloe ginn a gewannen de 4. Saz mat 25:23. D'Decisioun ass dunn am 5. an decisive Saz gefall. Och hei goung et nees an d'Verlängerung an um Enn konnt sech Bartreng de Saz mat 16:14 kropen an domadder de Match mat 3:2 gewannen.

Um Samschdeg hat Fenteng schonns mat 3:1 géint Walfer gewonnen.

Bei den Dammen goufen et um Samschdeg Victoirë fir Walfer a Stroossen. Zweemol gouf et een 3:0 géint Fenteng, respektiv Stengefort. Um Sonndeg konnt d'Gym sech och kloer mat 3:0 géint Mamer behaapten an Dikrech konnt sech mat 3:1 géint Péiteng duerchsetzen.

Link: D'Resultater am Iwwerbléck

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.