VolleyballUm 3. Spilldag déi éischt Victoire fir de Champion Stroossen

Um Samschdeg gouf dann och am Volleyball den drëtte Spilldag ausgedroen.

Um drëtte Spilldag stoung den amtéierende Champion vu Stroossen ënner Drock, dat well een déi éischt zwou Partië verluer hat. Bei den Damme war de Spëtzematch tëscht Dikrech a Stroossen.

Hären
CHEV Dikrech - VC Stroossen 0:3 (15:25; 27:29; 17:25)

De Champion Stroossen konnt sech um Samschdeg déi éischte Victoire vun der Saison sécheren, dat no den Defaitë géint Luerenzweiler a Bartreng. Nodeems si den éischte Saz kloer mat 25 op 15 gewanne konnten, hu si sech am zweete Saz méi schwéier gedoen, ma och dëse konnte si gewannen, dat awer knapp mat 29 op 27. Am drëtte Saz hu si dunn de Saack zougemaach. Mat 25 op 17 konnte si och dëse gewannen.

V80 Péiteng - Fenteng 0:3 (15:25; 20:25; 14:25)

Fenteng bleift och um drëtte Spilldag ongeschloen a steet op der éischter Plaz am Championnat. Si konnte sech um Samschdeg ouni gréisser Problemer géint den Tabelleleschte vu Péiteng duerchsetzen.

RSR Walfer - VBC Esch 3:1 (23:25; 25:21; 25:19; 25:14)

Esch konnt sech den éischte Saz, dee laang Zäit ganz knapp war, mat 25 op 23 sécheren. D'Häre vu Walfer sinn dunn awer wakereg ginn. Den zweete Saz goung mat 25 op 21 un d'Haushären. Dëst huet hinne Confiance ginn, well dono hu si den Escher näischt méi geschenkt a si konnten och déi zwee uschléissend Sätz fir sech entscheeden. Domat wënnt Walfer mat 3:1 géint Esch a steet provisoresch op der zweeter Plaz am Championnat. Mat enger Victoire um Sonndeg géint Bartreng dës Positioun fir sech beusprochen.

LINK: All d'Matcher an d'Tabell vun den Hären am Iwwerbléck

Dammen
Dikrech - Stroossen 3:0 (26:24; 25:7; 25:22)

Den éischte Saz war ganz enk, d'Damme vun Dikrech konnten dësen um Enn ganz knapp mat 26 op 24 fir sech entscheeden. Dëst huet der Lokalequipe wuel Confiance ginn, well am zweete Saz war et eng ganz kloer Affär. Dee Saz konnt Dikrech kloer mat 25 op 7 gewannen. Och den drëtte Saz ass un d'Damme vun Dikrech gaange, dat obwuel Stroossen laang Zäit gefouert huet. Um Enn also eng kloer 3:0 Victoire fir Dikrech.

Péiteng - Fenteng 3:0 (25:19; 25:22; 25:19)

Péiteng konnt um Samschdeg den éischte Match an der lafender Saison gewannen, dat kloer mat 3:0 géint Fenteng, déi also och um drëtte Spilldag keen Erfolleg feiere kënnen. Déi dräi Sätz iwwer waren d'Damme vu Péiteng déi besser an déi méi dominant Equipe, esou dass si um Enn verdéngt als Gewënner vum Terrain ginn.

Walfer - Gym 3:0 (25:21; 25:18; 26:24)

Walfer hat doheem géint d'Gym keng weider Problemer. Um Enn ass et eng kloer 3:0 Victoire fir fir d'Damme vu Walfer, déi domat d'Tabell uféieren. Dräi Matcher hu si gespillt, allen dräi konnte gewonne ginn an dobäi huet een nach kee Saz missen ofginn.

VC Mamer - Stengefort 0:3 (11:25; 8:25; 19:25)

D'Damme vu Stengefort hunn um Samschdeg kuerze Prozess mam VC Mamer gemaach. Domat ass et déi zweete Victoire hannertenee fir Stengefort, déi sech um éischte Spilldag géint Stroossen hu misse geschloe ginn. déi éischt zwee Sätz huet Stengefort richteg dominéiert, am leschte Saz huet een et méi lues ugoe gelooss fir um Enn eng sécher 3:0-Victoire ze feieren.

LINK: All d'Matcher an d'Tabell vun den Dammen am Iwwerbléck

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.