VolleyballLuerenzweiler verpasst nächst Iwwerraschung

Um Sonndeg war nach eng Partie vum drëtte Spilldag am Volleyball-Championnat. Luerenzweiler krut Besuch vu Bartreng.

© Oli Wagner
De Champion vun 2005 hat jo schonns um éischte Spilldag den aktuelle Champion Stroossen geschockt, ewéi si Stroossen mat 3:2 bezwénge konnten. Bartreng konnt déi éischt zwee Matcher vun der Saison gewannen, dat mat 3:2 géint Esch a mat 3:1 géint Stroossen. Um Sonndeg gouf et eng weider Victoire fir Bartreng, déi elo mat 7 Punkte vu méiglechen 9 op der zweeter Plaz an der Tabell stinn.

Bartreng war gutt an d'Partie gestart a konnt sech den éischte Saz mat 25:18 sécheren. Ma Luerenzweiler huet net labber gelooss an huet sech deen zweete Saz reegelrecht erkämpft. Mat 26 op 24 ass dësen u Luerenzweiler gaangen.

Bartreng wollt awer och net a Réckstand geroden an huet am drëtte Saz nees e bësse méi opgedréint fir dëse mat 25 op 19 ze gewannen. D'Haushäre vu Luerenzweiler hu sech awer nach ëmmer net geschloe ginn. Dacks hu si fir Kappzerbrieches bei der Bartrenger Offensiv gesuergt, dat well de Block vun der Lokalequipe deelweis net ze passéiere war. Esou konnt Luerenzweiler sech verdéngt de véierte Saz sécheren an esou den entscheedende 5 Saz erzwéngen.

Hei war dunn awer e bëssen d'Loft eraus a Bartreng konnt den Entscheedungssaz mat 15 zu 10 fir sech entscheeden a konnt domat d'Partie knapps mat 3:2 gewannen.

LINK: Um 3. Spilldag déi éischt Victoire fir de Champion Stroossen

LINK: All d'Matcher an d'Tabell vun den Hären am Iwwerbléck

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.