VolleyballFenteng wënnt de Spëtzematch géint Bartreng mat 3:1

Fenteng klappt Bartreng mat 3:1. Luerenzweiler feiert zweet Victoire fir dës Saison.

Um Samschdeg koum et bei den Hären zum Spëtzematch tëscht Fenteng a Bartreng.

Hären
VC Luerenzweiler - CHEV Dikrech 3:2 (25:18; 20:25; 21:25; 25:18; 15:10)

Luerenzweiler konnt um Samschdeg déi zweet Victoire fir dës Saison feieren. Si ware gutt an de Match gestart a konnten deen éischte Saz fir sech entscheeden. Ma do sinn d'Gäscht vun Dikrech wakereg ginn. Den zweeten an den drëtte Saz ass un Dikrech gaangen. Ma wéi schonns esou dacks dës Saison huet d'Equipe vu Luerenzweiler net opginn an huet weider gekämpft a si goufe belount, well de 4. Saz goung mat 25 op 18 un d'Lokalequipe. Am 5. an entscheedende Saz konnte si dunn alles kloer maachen an d'Partie mat 3:2 fir sech entscheeden.

VC Fenteng - Bartreng 3:1 (23:25; 25:14; 25:22; 25:16)

Fenteng ass déi dominant Equipe bis elo an dëser Saison. Och um Samschdeg konnt den Tabellenzweete vu Bartreng net géint si gewannen. Fenteng wënnt um Enn kloer mat 3:1 a steet mat 12 Punkte souverän un der Tabellespëtzt.

VC Stroossen - RSR Walfer 3:2

VBC Esch - V80 Péiteng 3:1 (25:22; 20:25; 25:20; 25:21)

Esch huet dem Tabelleleschte vu Péiteng keng Chance gelooss. Péiteng konnt um Samschdeg eréischt den zweete Saz fir dës Saison gewannen. Fir Esch gesäit dat besser aus, si hunn elo no dëser Victoire genau 7 Punkten esou wéi Bartreng.

LINK: All d'Matcher an d'Tabell vun den Hären am Iwwerbléck

Dammen
Fenteng - VC Mamer 1:3 (16:25; 25:18; 14:25; 19:25)

Mamer konnt um Samschdeg géint den Tabelleleschte vu Fenteng déi éischt Victoire fir dës Saison feieren. Nodeems een den éischte Saz gewanne konnt, huet Fenteng reagéiert an a Sätz ausgeglach, ma d'Lokalequipe konnt dësen Niveau net halen a verléiert um Enn och de 4. Match fir dës Saison.

Stroossen - Walfer 1:3 (14:25; 21:25; 28:26; 17:25 )

Walfer huet och um Samschdeg géint Stroossen näischt ubrenne gelooss. Den Tabelleleader vu Walfer huet zwar ee Saz missen ofginn, obwuel een och an dem Saz virlouch. Ma um Enn wanne si mat 3:1 géint Stroossen a stinn och mam Maximum vun 12 Punkten un der Spëtzt.

Stengefort - Dikrech 0:3 (19:25; 22:25; 15:25)

Dikrech ass den éischte Verfolger vun den Damme vu Walfer. Och si hunn um Samschdeg gewonnen an dat ganz kloer mat 3:0 géint Stengefort. Domat si si zesumme mat Walfer un der Spëtzt vun der Tabell. Béid Equippen hunn 12 Sätz gewonnen an nëmmen ee verluer.

Gym - Péiteng 3:1 (25:21; 21:25; 25:22; 25:13)
Gym huet e Sonndeg an enger enker Partie mat 3:1 géint Péiteng gewonnen. D'Gym huet nëmmen den zweete Saz géint Péiteng ofginn an am 4. Saz kloer de Sak zougemaach.

LINK: All d'Matcher an d'Tabell vun den Dammen am Iwwerbléck

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.