VolleyballStroossen klappt Péiteng a Luerenzweiler wënnt géint Walfer

Um 5. Spilldag am Volleyballchampionnat konnt sech de Stroossen zu Péiteng mat 3:0 behaapten.

Walfer géint Luerenzweiler© Marc Burelbach
No den 2 Defaitten direkt am Ufank vun der Saison kënnt de Champion Stroossen ëmmer besser an d'Saison. Zu Péiteng gouf et déi 3 Victoire noeneen. An de Sätz hunn d'Häre vu Stroossen op 15, 17 an 18 gewonnen.

De Chev Dikrech zitt mat 0:3 géint Bartreng de Kierzeren. Och wann d'Resultat kloer ausgesäit, sou war et virun allem an den éischten 2 Sätz ganz serréiert. Béid Kéieren ass et an d'Verlängerung gaangen. D'Nues fir hat ëmmer Bartreng, den 1. Saz wanne si mat 28:26 an den 2. mat 27:25. Am drëtte Saz war d'Saach du méi kloer, dëse gewannen d'Gäscht mat 25:11.

Luerenzweiler konnt no der Victoire am Ufank vun der Saison géint Stroossen e Samschdeg den Owend fir eng weider Iwwerraschung suergen. Si gewannen nämlech zu Walfer mat 3:0. Luerenzweiler gewënnt déi eenzel Sätz mat 25:22, 25:21 an 25:20. Ee vun de beschte Spiller um Terrain war de Chris Zuidberg, dee jo vum Januar un an der 1. Däitscher Bundesliga wäert spillen. 

Fir Fenteng gouf et zu Esch eng 3:1 Victoire. Ee vun de Favoritten op den Titel setzt sech an de Sätz mat 25:22, 20:25, 25:21 an 25:17 duerch.

Link: Alleguer d'Resultater vun den Hären am Iwwerbléck

Bei den Dammen do gouf et déi erwaarten 3:0 Victoire (25:18, 25:13, 25:19) fir Walfer géint Stengefort. D'Damme vu Walfer hunn dës Saison nach all Partie gewonnen an hunn nëmmen 1 Saz missen ofginn.

Kloer war et och am Match tëscht Péiteng a Stroossen. D'Gäscht gewannen 3:0 (25:17, 25:22, 25:16).

De Chev Dikrech setzt sech mat 3:0 (25:18, 25:12, 25:18) géint Mamer duerch. 

Link: Alleguer d'Resultater vun den Dammen am Iwwerbléck

Um Samschdeg ware mam Annalena Mach, dem Gilles Braas an dem Kamil Rychlicki och 3 Lëtzebuerger am Ausland am Asaz.

RTL-NEWS: Lëtzebuerger Volleyballer am Ausland

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.