Lëtzebuerger Volleyballer am AuslandVictoire fir Mach, Defaitë fir Braas a Rychlicki

E Samschdeg den Owend war et en duerchwuessenen Owend fir d'Lëtzebuerger Volleyballer am Ausland.

© pressphoto (Archiv)
An der 1. Bundesliga an Däitschland gewënnt d'Annalena Mach mat hirer Equipe Wiesbaden 3:2 (18:25, 25:11, 21:25, 25:16, 15:12) beim SWE Volley-Team zu Erfurt. D'Lëtzebuergerin war bei der Victoire och am Asaz.

Fir de Gilles Braas ass et mat Düren net ganz esou gutt gelaf. D'Equipe vum Lëtzebuerger Nationalspiller verléiert zu Lüneburg mat 0:3.

Am Championnat an der Belsch verléiert de Kamil Rychlicki mat Maaseik 2:3 géint Waremme. D'Equipe vum Lëtzebuerger konnt déi éischt 2 Sätz mat 25:18 a 25:22 gewannen. Duerno hu si awer de Fuedem verluer a ginn déi weider 3 Sätz mat 16:25, 21:25 an 13:15 of. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet 10 Punkte gemaach. Fir Maaseik ass et eng duerchwuesse Saison bis ewell. Si hunn 2 Mol gewonnen an 2 Mol verluer.  

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.