VolleyballDikrech wënnt bei den Hären a bei den Dammen

Bei den Dammen a bei den Häre stoungen um Sonndeg jeeweils 2 Matcher um Programm.

Hären
Bei den Hären waren dat zwou däitlech Affären. Fenteng gewënnt mat 3:1 (25:16, 25:22, 22:25, 25:19) géint Walfer an Dikrech wënnt zu Péiteng mat 3:0 (25:19, 25:23, 25:21).

E Samschdeg hat Esch schonn 3:0 géint Bartreng gewonn a Stroossen hat sech géint Luerenzweiler mat 3:1 duerchgesat.

Nom 8. Spilldag steet Fenteng mat 23 Punkte kloer un der Spëtzt vun der Tabell. Do hannen dru komme Bartreng a Stroossen mat 16 respektiv 15 Punkten.

LINK: Alleguer d'Matcher vun den Hären am Iwwerbléck

Dammen
Och bei den Dammen gouf et zwou däitlech Victoiren. Walfer gewënnt zu Fenteng mat 3:0 (25:9, 25:10, 25:12) a mam gläiche Resultat gewënnt och Dikrech géint Péiteng (25:17, 25:14, 29:27).

E Samschdeg hat sech och scho Stroossen mat 3:0 géint Stengefort behaapt an en 3:0 gouf et och tëscht der Gym a Mamer.

Bei den Damme steet no 8 Matcher Walfer mat 24 Punkten un der Spëtzt. Op de Plazen 2 an 3 stinn Dikrech a Stroossen mat 21 respektiv 18 Punkten.

LINK: Alleguer d'Matcher vun den Dammen am Iwwerbléck