VolleyballLuerenzweiler-Fenteng gouf verluecht, Walfer klappt Péiteng

Well keen Arbitter do war, gouf de Match tëscht Luerenzweiler an dem Leader Fenteng verluecht.

Luerenzweiler a Fenteng konnten net spillen. Walfer klappt Péiteng kloer mat 3:0.

Hären
Luerenzweiler - Fenteng verluecht

De Match tëscht Luerenzweiler a Fenteng ass net gespillt ginn, well een Arbitter gefeelt huet an de Fentenger Club sech geweigert huet mat nëmmen engem Arbitter ze spillen.

Bartreng - Stroossen

Hei läit eis nach kee Resultat vir.

Walfer - Péiteng 3:0 (25:22; 25:22; 25:20)

De Match tëscht Walfer a Péiteng war de Match tëscht dem Leschten an den Zweetleschten an der Tabell. Péiteng konnt bis elo nëmmen zwee Sätz gewannen dës Saison an um Samschdeg sollt do keen derbäi kommen, well si verléieren 0:3 géint Walfer a sti relativ ofgeschloe schonns mat 10 Punkte Retard op Walfer op der leschter Plaz.

LINK: All d'Matcher an d'Tabell vun den Hären am Iwwerbléck

Dammen
Walfer - Péiteng 3:0 (25:12; 25:6; 25:11)

Den Tabelleleader vu Walfer huet ganz kuerze Prozess mat der Equipe vu Péiteng gemaach. Si hunn a kengem Saz Eppes ubrenne gelooss a gewanne ganz kloer mat 3:0 géint d'Péitenger Dammen, déi iwwer déi dräi Sätz nëmmen 29 Punkte markéiere konnten.

Mamer - Stroossen 0:3 (15:25; 18:25; 22:25)

D'Damme vu Stroossen wannen um Samschdeg mat 3:0 géint Mamer an halen domadder den Uschloss un d'Dikrecher Dammen, déi eréischt um Sonndeg spillen.

Stengefort - Fenteng 3:0 (25:16; 25:7; 25:23)

Stengefort hat um Samschdeg den Tabelleleschte vu Fenteng op Besuch. D'Damme vu Stengefort hate keng Problemer fir sech kloer mat 3:0 ze behaapten. Just am leschte Saz war et e bësse méi enk ginn, ma ënnert dem Stréch eng dominant Virstellung vu Stengefort.

LINK: All d'Matcher an d'Tabell vun den Dammen am Iwwerbléck

RTL-News: Néierlage fir d'Annalena Mach an den Thomas Grün

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.