Replay: Volleyball Challenge CupWalfer verléiert géint Bursa aus der Tierkei

Um Dënschdeg Owend hunn d'Walfer Dammen am CEV Challenge Cup missen untrieden, dat géint den Titelverdeedeger Bursa.

© Screenshot
Ma d'Lëtzebuerger Dammen hu sech gutt geschloen. An der Ufanksphas vun der Partie louche si vir, ma do hunn d'Dammen aus der Tierkei gewisen, wat fir eng Qualitéit an hire Reie vertrueden ass. Den éischte Saz goung dann trotz Réckstand awer kloer un d'Equipe aus der Tierkei: 25 op 12.

Den zweete Saz war ee Stéck méi enk, dëse wannen d'Favoritinne mat 25 op 16 an am leschte Saz hu si alles kloer gemaach a wannen och dëse kloer mat 25 op 11.

Fir d'Damme vu Walfer gëtt et no dëser awer gudder Performance kee Grond de Kapp hänken ze loossen. Mat Bursa stoung deene Walfer Dammen ëmmerhin de Vainqueur vun där Kompetitioun aus dem leschte Joer géintiwwer.

De Retour ass fir den 10. Januar virgesinn.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.