Coupe am VolleyballBartreng eliminéiert Stroossen a 5 Sätz

D'Véierelsfinalle vun der Coupe am nationale Volleyball stoungen um Samschdeg um Programm.

Fenteng wënnt kloer géint Stengefort. Luerenzweiler ka sech géint Walfer behaapten. Bartreng eliminéiert Stroossen. Bei den Damme wënnt Dikrech mat 3:1 géint Stroossen a Stengefort klappt Iechternach.

Hären
RSR Walfer - VC Luerenzweiler 1:3 (23:25; 25:14; 13:25; 24:26)

Luerenzweiler ass als Favorit an d'Partie gaangen, ma esou liicht sollt et net gi fir d'Gäscht. Den éischte Saz konnt si ganz knapps mat 35 op 23 fir sech entscheeden. Am zweete Saz ass et schonn net méi esou glécklech ausgaange, dat well Walfer elo Confiance getankt hat. Den zweete Saz goung ganz kloer mat 25 op 14 u Walfer. Doduerch ass Luerenzweiler awer kloer ginn, dass et net vum selwe geet an hunn ee Zant zougeluecht a wannen um Enn mat 3:1 a stinn an der Halleffinall vun der Coupe.

VC Stengefort - VC Fenteng 0:3 (19:25; 20:25; 13:25)

Den ongeschloen Tabelleleader aus dem Championnat léisst och an der Coupe näischt ubrennen a wënnt kloer mat 3:0 géint Stengefort. D'Missioun Titelverdeedegung ass um Samschdeg zu keng Moment a Gefor geroden.

VC Stroossen - Volley Bartreng 2:3 (23:25; 22:25; 29:27; 25:19; 6:15)

Et war eng ganz enk Partie tëscht dem amtéierende Champion Stroossen an de Bartrenger. D'Gäscht vu Bartreng konnten déi éischt zwee Sätz, déi allebéid och ganz enk ware fir sech entscheeden a stoungen am drëtte Saz ganz knapp virun der 3:0 Victoire. Ma et soll aneschters kommen. Stroossen konnt dee Saz mat 29 op 27 fir sech entscheeden. Mat der Confiance am Réck, dass si de Saz gewonnen hunn, hu si och de 4. Saz fir sech entscheet. Am 5. Saz hunn déi Bartrenger dunn awer nees de Wëllen aus den éischten zwee Sätz gewisen a wannen de leschte Saz kloer mat 15 op 6 an entscheeden esou eng ganz enk Partie mat 3:2 an de Sätz fir sech.

LINK: All d'Matcher vun den Hären am Iwwerbléck

Dammen
VC Stroossen - Dikrech 1:3 (18:25; 25:21; 15:25; 24:26)

Den Tabellenzweeten aus dem Championnat an den Tabellendrëtten aus dem Championnat stounge sech um Samschdeg an der Véierelsfinall vun der Coupe géigeniwwer. Et war eng relativ enk Partie, wou Dikrech liicht favoriséiert war. Dëst hu si och am éischte Saz bewisen, wéi si dëse mat 25 op 18 fir sech entscheet hunn. Stroossen konnt an de Sätz ausgläichen, ma déi zwee uschléissend Sätz sinn un d'Dikrecher Damme gaangen, déi domat an der Ronn vun de leschte 4 stinn.

Iechternach - Stengefort 0:3

D'Damme vu Stengefort haten um Samschdeg keng Problemer mat der Equipe vun Iechternach a si setze sech kloer mat 3:0 géint Iechternach duerch.

LINK: All d'Matcher vun den Dammen am Iwwerbléck

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.