VolleyballLuerenzweiler klappt Fenteng 3:0

E Samschdeg den Owend war am nationale Volleyballchampionnat eng Nodrospartie vum 9. Spilldag.

Luerenzweiler a Fenteng hu sech eng enk Partie geliwwert. D'Haushären hunn um Enn awer d'Iwwerhand behalen. Den éischte Saz konnte si sech mat 25:22 sécheren. Den zweete Saz hu si mat 25:23 fir sech entscheet an am drëtte Saz hu si mat 25:17 e Schlussstréch ënnert d'Partie gezunn.

An der Tabell steet Fenteng mat 23 Punkten un der Spëtzt. Luerenzweiler huet mat engem Match weider 18 Punkten a steet op der 2. Plaz. Punktgläich mat Stroossen, déi awer och nach eng Partie manner hunn.

LINK: Alleguer d'Matcher vun den Hären am Iwwerbléck