Novotel Cup: 2. DagLëtzebuerger Häre gewannen 3:0 géint England

En Donneschdeg war et den zweeten Dag vum Novotel Cup an der Coque. D'Lëtzebuerger Damme verléieren 1:3 géint San Marino.

3 Equippe spille bei den Dammen a bei den Häre géinteneen.

Bei den Damme sinn dobäi: San Marino, Terville Florange Olympique Club - TFOC (Div. Elite a Frankräich) a Lëtzebuerg.

Bei den Häre sinn dobäi: England, Däitschland U20 a Lëtzebuerg.

Hären
Lëtzebuerg - England 3:0 (25:18, 25-17, 25-20)

D'Englänner wossten net, wat se der gutt agspilltener Lëtzebuerger Equipe sollten entgéintsetzen. Vun Ufank u ganz gutt Blocke bei der Nationalequipe. D'Lëtzebuerger krute bal all Ball. Den engleschen Trainer war scho während dem 2. Saz um Enn vu sengem Latäin ukomm. Am drëtte Saz hunn d'Englänner dunn op Gréisst gesat. Et war och méi serréiert, mee Lëtzebuerg konnt sech 3:0 duerchsetzen.

U20 Däitschland
- England 3:1 (18:25, 27:25, 25:16, 25:17)

D'Englänner, déi e Mëttwoch géint d'U20 aus Däitschland gewonnen haten, hunn och en Donneschdeg de bessere Start an d'Partie fonnt. Si waren an der Attack einfach een Tick méi konsequent, hunn de Wee laanscht den däitsche Block fonnt a konnten den éischte Saz fir sech entscheeden. Um Enn vum zweete Saz hu si d'Partie dunn awer aus der Hand ginn an hunn et den Däitschen domat erlaabt awer auszegläichen an am Saz duerno esouguer a Féierung ze goen. Am véierte Saz hu si d'Partie net méi aus der Hand ginn, si gewannen dëse mat 25:17 an domadder d'Partie 3:1.

© Screenshot


Dammen
Lëtzebuerg - San Marino 1:3 (14:25, 25:22, 16:25, 21:25)

D'Lëtzebuerger Dammennationalequipe huet och hiren zweete Match beim Novotel Cup an der Coque verluer. Am éischte Saz loungen d'Lëtzebuergerinne géint San Marino fréi hannen, sinn dem Réckstand bis zum Schluss hannendru gelaf a verléieren de Saz mat 14:25. Am zweete Saz waren d'Dammen aus dem Grand-Duché besser an der Partie. Si hunn den néidegen Drock opgebaut, manner Feeler gemaach a konnten esou an de Sätz ausgläichen. Am drëtten a véierte Saz dunn nees en anert Bild. Fréi loung een am Réckstand an et konnt een deen net méi bis zum Schluss ophuelen, sou dass dës zwee Sätz op 16 an 21 verluer gi sinn. D'Lëtzebuerger Volleyballnationalequipe verléiert domadder mat 1:3 géint San Marino. Fir San Marino ass et déi éischt Victoire am Tournoi.



TFOC - San Marino 3:0 (25:22; 25:21; 25:15)

Nodeems d'Equipe aus Frankräich e Mëttwoch nach zwee Sätz géint d'Nationalequipe aus San Marino verluer hat an no un der Néierlag stoung, hu si en Donneschdeg dunn awer ganz kuerze Prozess mat hinne gemaach. Wann et an den éischten zwee Sätz nach méi enk zougaangen ass, esou huet Terville Florange am 3. Saz awer alles kloer gemaach an hunn näischt méi ubrenne gelooss, esou dass et um Enn eng kloer 3:0-Victoire ass fir déi franséisch Equipe, déi domadder weider ongeschloe bleift.

© Screenshot


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.