NatiounentournoiLëtzebuerger Dammen an Hären um Enn op 3. a leschter Plaz

E Freideg war de leschten Dag vum Novotel Cup an der Coque. Esou wuel fir d'Damme wéi fir d'Häre stoungen direkt zwee Matcher um Programm.

Natiounentournoi: De Bern Thill zitt e Bilan (30.12.2017)
Déi lescht 3 Deeg war nees den internationale Volleyballstournoi an der Coque. Fir d'Dammen- an d'Härennationalequipe ass just déi lescht Plaz bliwwen ...
Bei der 31. Editioun vum Novotel Cup ware bei den Dammen an den Hären 3 Equippen am Asaz. Jiddereen huet zweemol géint jidderee gespillt, also 4 Matcher fir all Equipe.

Natiounentournoi: Resumé vum Marc Burelbach



Bei den Dammen hu sech d'Lëtzebuergerinne mat San Marino an dem Terville Florange Olympique Club - TFOC (Div. Elite a Frankräich) gemooss. D'FLVB-Formatioun konnt vun de 4 Partien nëmmen eng gewannen. Dat war d'3:0-Victoire e Freideg am Nomëtteg géint San Marino. D'Lëtzebuergerinne kommen um Enn op déi drëtte Plaz. Den Novotel Cup gouf 2018 vum TFOC gewonnen. D'Equipe aus Frankräich huet alleguer déi 4 Partië gewonnen.



Bei den Häre waren nieft der Lëtzebuerger Nationalequipe nach England an d'U20 aus Däitschland mat dobäi. Och d'Häre konnte just ee vun hire 4 Matcher wannen, dat war d'3:0-Victoire géint England um Donneschdeg. Domat ass et och fir si eng drëtt a leschte Plaz. Däitschland kann den Tournoi gewannen.



Hären: Defaite fir Lëtzebuerg géint däitsch U20 an och géint England
Lëtzebuerg - Däitschland U20 1:3 (21:25, 25:19, 23:25, 20:25)

D’Lëtzebuerger, déi e Mëttwoch schonns géint d’U20 aus Däitschland verluer haten, wollten e Freideg d’Revanche huelen. Allerdéngs ass dëst de Lëtzebuerger am éischte Saz net esou richteg gegléckt, esou dass Däitschland de Saz mat 25 op 21 gewanne konnt. Am zweete Saz war dunn eng besser Lëtzebuerger Formatioun ze gesinn, déi virun allem manner eege Feeler gemaach huet a konsequent attackéiert huet, esou konnt een an de Sätz ausgläichen. Wa bis heihinner an all Saz eng Equipe kloer besser war, esou konnt een dat net vum drëtte Saz behaapten. Béid Equippe waren op Aenhéicht an zum Schluss war d’Gléck ebe méi op der Säit vun den Däitschen, déi dëse mat 25 op 23 gewanne konnten. Am véierte Saz war d'U20 aus Däitschland och nees déi besser Equipe. Si gewannen de Saz mat 25:20 an domadder d'Partie mat 3:1 an de Sätz géint d'Lëtzebuerger Härennationalequipe.

© Screenshot


Lëtzebuerg - England 1:3 (25:19, 13:25, 17:25, 14:25)

Am leschte Match vum Tournoi um Freideg den Owend housch de Géigner vun de roude Léiwen op en Neits England. Déi Kéier konnte si hiren Exploit vum Donneschdeg net méi widderhuelen. Zwar geet deen éischte Saz mat 25 op 19 un d'FLVB-Formatioun, ma déi dräi duerno konnten d'Englänner relativ kloer fir sech entscheeden: op 13, op 17 an op 14.



Domat gewënnt Däitschland den Tournoi bei den Häre mat 3 Victoiren an enger Defaite, op Plaz 2 kënnt England mat zwou Victoiren an zwou Defaitten a fir d'Lëtzebuerger Häre bleift wéi bei den Damme just déi drëtt Plaz mat enger Victoire an dräi Defaitten.

Dammen: Victoire fir Lëtzebuergerinne géint San Marino, Defaite géint TFOC
Lëtzebuerg - San Marino 3:0 (25:22; 25:16, 25:22)

D'Lëtzebuerger Damme sinn an der éischter Hallschent vum éischte Saz engem Réckstand hannendru gelaf, konnten awer duerch ee gudde Block an duerch konsequent Attacken an der zweeter Hallschent vum éischte Saz, net nëmmen a Féierung goen, mee esouguer de Saz fir sech entscheeden. Am zweete Saz konnten d'Lëtzebuerger Dammen hir Stäerkten direkt ëmsetzen a konnten den zweete Saz esou kloer mat 25 op 16 gewannen. Am drëtte Saz sinn d'Lëtzebuergerinne laang engem Réckstand hannendru gelaf. Virun allem beim eegenen Opschlag huet ee sech schwéier gedoe Punkten ze markéieren. Eréischt spéit am Saz konnt een de Réckstand ophuelen an op 21:21 ausgläichen. D'Lëtzebuergerinne konnten du mat 23:21 a Féierung goen. Fir zum Schluss de Saz mat 25:22 ze gewannen an domadder och de Match mat 3:0 an de Sätz. Domadder ass der FLVB-Formatioun d'Revanche gegléckt, en Donneschdeg hat een nach 1:3 géint San Marino verluer.

© Screenshot


Lëtzebuerg - TFOC 0:3 (16:25, 24:26, 22:25)

No der Victoire géint San Marino war d'Lëtzebuerger Dammennationalequipe e Freideg den Owend nach géint den Terville Florange Olympique Club gefuerdert. Am éischte Saz sinn d'Lëtzebuergerinnen et gutt an de Match komm. Fréi ass een engem Réckstand hannedru gelaf, deen een net méi konnt gutt maachen, sou dass den TFOC dëse Saz mat 25:16 fir sech konnt entscheeden. Am zweete Saz ass et du besser gelaf an d'Partie war méi ausgeglach. D'Lëtzebuergerinne konnten 1 Sazball ofwieren, ma hunn de Saz um Enn dach misse mat 24:26 ofginn. Am drëtte Saz loung d'FLVB-Formatioun fréi am Réckstand, ma et konnt ee beim Stand vun 12:12 ausgläichen a mat 13:12 a Féierung goen. De Virsprong sollt awer net laang halen, sou dass d'Lëtzebuergerinnen trotz beméien och dëse Saz um Enn verluer hunn, dat mat 22:25. 

Bei den Damme geet déi éischt Plaz am Tournoi domat un d'Franséisinne vun Terville-Florange mat 4 Victoiren a 4 Matcher, Plaz 2 séchert sech ganz knapp San Marino mat 1 Victoire an 3 Defaitten a Plaz 3 ass dat fir d'Lëtzebuergerinne mat och 1 Victoire an 3 Defaitten.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.