HärevolleyballCEV Challenge Cup - Walfer spillt géint Chaumont (F)

D'Häre vun der Résidence Walfer am Volleyball spillen am CEV Challenge Cup géint Chaumont aus Frankräich.

Dat huet d'Auslousung um Donneschdeg de Moien zu Varna (Bulgarien) erginn. Walfer huet sech als eenzege Lëtzebuerger Veräin mat enger Equipe an der europäescher Kompetitioun ageschriwwen. Chaumont gouf lescht Joer drëtten am franséische Championnat.