Bommeleeër-AffärAasselscheier: Gendaarme krute Warnung, am Won ze bleiwen

Während de Bommeleeër-Attentater 1985 ware Gendaarmen op Patrull präzis gewarnt ginn, an hiren Autoen ze bleiwen.

Bommeleeër-Affär: Aasselscheier (13.04.2017)
Während de Bommeleeër-Attentater 1985 ware Gendaarmen op Patrull präzis gewarnt ginn, an hiren Autoen ze bleiwen.

Aasselscheier/Reportage Nico Graf



Eng Warnung, déi e komescht Liicht wërft, notamment op de Booby-Trap  vun Aasselscheier. E Gendaarm huet mat eise Reporteren doriwwer geschwat.

De Gendaarm steet haut um Plateau bei Aasselscheier, bei der Wiss, déi deemools e Maisfeld war, an hannenaus um Bord vum Bësch houng d'Sprengfal un engem Bam. Haut geet d'Autobunn an der Noperschaft do laanscht, an den Tunnel eran. De Gendaarm weess nach genee, wéi et war, an den helle Summernuechten, wou si vill patrulléiert sinn. Speziell um Nuecht war een um 2 oder 3 Auer ënnerwee, fir Pilieren ze bewaachen. Iwwer d'Befehlskette vun der Gendarmerie koum dunn op eemol e komesche Befehl, e koppegen Uerder fir déi op Patrull: Net erausklammen, net an d'Feld fueren.
 
Et gëtt haut fir de fréiere Gendaarm nëmmen eng Méiglechkeet méi fir deen Uerder ze verstoen. Dat wier eng Warnung gewiescht. Duerno wier de Booby Trap jo komm. Den Uerder, onbedéngt an den Autoen ze bleiwen – also net genee kucken ze goen, wat op der Gewan lass war – dee Befehl ass op dem übleche Wee komm.

De Chef vun den Operatioune war deemools de Charel Bourg.

© N. Graf


Pour Mémoire: de Charel Bourg ass ee vun den héije Gendaarmen vun deemools géint déi haut als Futurs Inculpés enquêtéiert gëtt, well hien sech am Bommeleeër-Prozess an zeg Widderspréch verwéckelt hat. Hien soll och den Uerder ginn hunn, eng groussaarteg Verkéierskontroll beim neien Theater ze maachen, wéi bannen am Theater d'Revue Knuppefreed lafe sollt; wéi hir Kollegen bannen am Theater op potentiell Bommeleeër gewaart a gelauert hunn, dunn hu baussen Verkéierspolizisten Remmidemmi gemaach, eng Aktioun, déi haut als Warnung un d' Bommeleeër versta gëtt, ewech vum Theater ze bleiwen.

Eng ähnlech Warnung wéi déi zu Asselscheier. Do konnten d'Bommeleeër ongestéiert hir Fal mat der Täscheluucht bauen a spéider konnten nëmmen Wëldschwäin a Réi oder eben Privatleit, déi spadséiere waren, an d'Sprengfal lafen. Tentative d'Assassinat ass ee vun den Uklopunkten géint d'Bommeleeër.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.