Bomm aus dem Weltkrich fonnt70.000 Leit musse fir d'Entschäerfung evakuéiert ginn

Op engem Chantier an der Géigend vun der Uni zu Frankfurt ass eng Bomm mat 1,4 Tonne Sprengstoff fonnt ginn.

© afp
E Sonndeg soll d'Bomm entschäerft ginn. Duerch d'Sprengkraaft vun der Bomm muss d'Gebitt ronderëm groussraimeg evakuéiert ginn. Et dierft eng vun de gréissten Evakuéierungsmoossnahmen aus de leschte Joer ginn. Bis zu 70.000 Leit mussen hir Wunneng verloossen.

De Moment geet awer keng Gefor vun der Bomm aus. D'Plaz gëtt bis e Sonndeg iwwerwaacht.  

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.