KoblenzWeltkrichsbomm entschäerft, 21.000 Leit evakuéiert

Um Sonndeg gëtt et dann eng ähnlech Situatioun zu Frankfurt. Hei mussen 70.000 Leit hir Wunnenge verloossen.

© AFP

Zu Koblenz gouf eng Bomm vun 500 Kilo aus dem zweete Weltkrich entschäerft. 21.000 Mënschen haten hir Wunneng aus Sécherheetsgrënn misste verloossen.

Zu Frankfurt ginn um Sonndeg eng 70.000 Leit evakuéiert. Do gëtt nämlech dann eng Bomm aus dem zweete Weltkrich entschäerft, déi ass allerdéngs däitlech méi schwéier, wéi déi zu Koblenz. Se weit 1,8 Tonnen a gouf an der Woch op engem Chantier, net wäit ewech vun der Universitéit fonnt.

Och d'Patienten aus zwee Spideeler an d'Awunner aus Altersheemer mussen a Sécherheet bruecht ginn.
Et ass déi gréissten Evakuatioun an der Geschicht vun der däitscher Bundesrepublik.