"Frisbee Affär"Optakt vum Prozess den 29. November, Juncker muss aussoen

Et kënnt zu engem Prozess an der sougenannter "Frisbee-Affär". De 29. November wäert dësen ufänken a soll op d’mannst 8 Verhandlungsdeeg laang daueren.

Foto aus dem Tageblatt vum 24/07/2017

Op der Uklobänk sëtzen deen Ament déi 3 fréier SREL-Mataarbechter Marco Mille, Fränk Schneider an André Kemmer.

Si musse sech veräntwerten, wéinst dem Reproche den Eletronik-Fachmann Loris Mariotto ouni Autorisatioun ofgelauschtert ze hunn, an déi Opnamen aus dem Service mat erausgeholl ze hunn.

De Parquet wëll de momentane Kommissiounspresident an deemolege Premier Jean-Claude Juncker als Zeien héieren, grad wéi de Chef-Enqueteur an dëser Affär, de Fernand Ruppert.

Hannergrond vun där illegaler Oflauschter-Aktioun war jo déi ominéis kryptéiert CD, op där e Gespréich iwwert d’Bommeleeër-Affär tëscht dem Jean-Claude Juncker an dem Grand Duc Henri soll drop sinn.

Frisbee-Affär - De Roundup
"Frisbee" war d'Codewuert fir am Ganzen 3 CDen, wéinst deenen 2012 de SREL-Skandal un d'Rulle komm ass – mat de bekannte politesche Suitten.

Frisbee, hu se - guttgelaunt - am SREL, déi ganz Virgäng genannt. Frisbee well dat e ronnen Objet ass, deen dorëmmer flitt. An ëm ronn Objeten, déi dorëmmer fléien, geet et jo an dëser Saach. Just datt et keng Frisbeeë sinn, mä CDe mat interessanten oder verschlësselten Téin drop.

Alles fänkt mat der Bommeleeër-Affär un. Den Zeien Eugène Beffort seet eis op RTL hien hätt um Findel virun 20 Joer e wichtege Personnage als Verdächtege gesinn. Dem Premier Jean-Claude Juncker seet hien, dat wier de Prënz Jean gewiescht. Premier a Grand-Duc schwätzen natierlech doriwwer. A no deem Gespréich huet den Elektronikfachmann Mariotto d'Rumeur op de Wee bruecht, deen Entretien wier enregistréiert ginn an e géif op enger kryptéierter CD existéieren. Frisbee hu se déi CD am SREL genannt a si wollte se kréien an entschlësselen. A bei deenen Aktivitéiten hu se de Loris Mariotto, ouni déi néideg Autorisatioun ofgelauschtert. An de Marco Mille huet och de Premier mat enger Spionageauer enregistréiert.

D'Aktioun op de Mariotto héiert sech do – de Marco Mille schwätzt mam Premier - esou un:

Extrait Marco Mille

Nodeems mir op RTL d'Informatioun iwwer d'Saach mat der Spionaeauer bruecht haten, ass lues a lues erauskomm, datt et am SREL zeg Dysfonctionnementer gouf.

Ee vun den Haaptpersonnagen an der Frisbee-Affär ass den André Kemmer, e klenge Mataarbechter am SREL, deen de Kontakt mat sengem fréiere Frënd Loris Mariotto huet missen ophuelen.

Den André Kemmer kämpft haut ëm säi Ruff a stellt sech Froen iwwer de Frisbee-Prozess:

Extrait André Kemmer (1)

Dem André Kemmer seng Defense-Strategie ass denkbar einfach:

Extrait André Kemmer (2)

De Frisbee-Prozess ass also Enn November. An do wäerten dann déi – duerchaus verschidden - Vuë vu SREL-Leit a Premier iwwer d'SREL-Aktivitéiten openeestoussen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.