VIDEO: European Stability Mechanism um KierchbiergSuspekt Objete ware Messer, Schampesfläsch an Täscheluucht

Virum ESM-Gebai um Circuit de La Foire goufen um Mëttwoch am spéide Moie suspekt Géigestänn fonnt. Et huet sech awer ëm e falschen Alarm gehandelt.

Falschen Alarm um Kierchbierg (07.03.2018)
Sécherheetsperimeter virum European Stability Mechanism-Gebai um Kierchbierg
D'Spezialunitéite waren direkt op der Plaz. E Sécherheetsperimeter gouf ageriicht. D'Gebai gouf net evakuéiert, mä während dem Asaz gouf de Circuit de la Foire tëscht dem Rond-Point Serra an dem Boulevard Konrad Adenauer a béid Richtunge gespaart.

Der Police no ware d'Objeten ee Messer, eng Schampesfläsch an eng Täscheluucht.




Eng Partie Problemer goufen et schonn am Laf vum Mëttwoch de Mueren am Zuchverkéier: Grond war och hei e falsche Bommenalarm.

Géint 8.20 Auer war an der Houwalder Gare e suspekte Bagage fonnt ginn.