No Bommen u Clinton, Obama an CNNVerdeelerzentrum vu Post a Florida gouf duerchsicht

An den USA krut ee weideren Trump-Kritiker ee Pak mat engem Sprengsaz geschéckt. Déi Kéier war den Acteur Robert de Niro viséiert.

© AFP
Wéi amerikanesch Medie mellen, wier e verdächtege Pak an de Restaurant vum Robert de Niro geschéckt ginn. D'Schrëft op der Bréifbomm wier déi selwecht gewiescht, wéi op deenen an de leschten Deeg. Duerno koum nach d'Nouvelle, dass nach ee Pak un e prominente Kritiker vum Trump gaang ass, am Viséier war och nach de fréiere Vizepresident Joe Biden.

Op d'mannst 8 Päck goufen vum FBI ofgefaangen. E Mëttwoch war an der Géigend vum Hillary a Bill Clinton hirem Terrain am Bundesstaat New York eng Bomm entdeckt ginn. Och CNN war am Viséier. Aktuell gëtt de Virfall vum FBI a Secret Service ënnersicht. Wéi d'"New York Times" mellt, soll ee Mataarbechter, dee sech ëm d'Post këmmert, d'Bomm fonnt hunn, wéi hien d'Post opgemaach huet. Méi genee Informatioune sinn nach net gewosst. Och soll eng Bomm un de Büro vum fréieren US-President Barack Obama geschéckt gi sinn.

E puer Stonnen no dëser Meldung koum dann och d'Confirmatioun, datt de New-Yorker-Büro vun der Noriichtechaîne CNN wéinst engem verdächtege Pack evakuéiert huet misste ginn.

D'Li Marteling mat Andréck vun New York









Eréischt en Dënschdeg war um Terrain vum Milliardär George Soros eng Bréifbomm fonnt ginn. De Sprengsaz beim Soros gouf an der Bréifkëscht vu sengem Haus an der Géigend vu Bedford, nërdlech vun New York fonnt. De Soros war deen Ament net doheem an d'Bomm gouf vu Sprengstoffexperten explodéiere gelooss.

"Et war definitiv en Terrorakt"

Dat seet de Buergermeeschter vun New York, Bill de Blasio, nodeems eng ganz Partie Kritiker vum US-President Trump Bréifbomme geschéckt kruten.

Nieft dem Barack Obama an der Hillary Clinton, huet den oder d'Täter am ganze sechs Prominente Bréifbommen zoukomme gelooss. Ënnert anerem dem fréiere CIA-Direkter John Brennan an dem Ex-Justizminister Eric Holder. Schonn e Méindeg war och an der Bréifboîte vum Milliardär George Soros eng Bréifbomm fonnt ginn. Am ganze goufe bis e Freideg zéng suspekt Päck entdeckt. Si goufen ënnert anerem zu New York, Maryland, Florida a Los Angeles ofgefaangen. Et gëtt net ausgeschloss, dass weider Bréifbomme verschéckt goufen, sou e Vertrieder vum FBI. Verschiddener sollen a Florida fortgeschéckt gi sinn.

An deem Kontext gouf e Verdeelerzentrum vun der Post a Florida duerchsicht. Wéi et vun der lokaler Police heescht, waren Demineuren an eng Hondsstaffel op der Plaz. Op d'mannst ee suspekte Pak soll dëse Verdeelerzentrum passéiert hunn.

Den US-President huet annoncéiert, dass dës wéi hie sot, degoûtant Dot opgekläert gëtt. Weider huet den Donald Trump en Opruff gemaach zu méi Respekt an de politeschen Debatten an huet d'Medie matresponsabel gemaach. Déijéineg, déi an der politescher Arena stinn, missten domat ophalen de politesche Géigner ouni Respekt ze behandelen. Et war och den Appell un d'Medien, Responsabilitéiten z'iwwerhuelen an op en ziviliséierten Toun ze setzen.

Déi zoustänneg Autoritéiten hunn d'Sécherheetsbestëmmunge virun de Kongresswalen massiv an d'Luucht gesat. Den Donald Trump huet iwwerdeems en Appell un d'Populatioun gemaach, zesummen ze halen.